Antoine Wehenkel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoine Wehenkel, gebuer den 10. Februar 1907 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 27. Februar 1992, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Den Antoine Wehenkel huet 1930 zu Paräis op der Ecole centrale des arts et manufacture en Ingenieurs-Titel kritt an dono op der Sorbonne Physik a Mathematik studéiert. No engem Stage op der Arbed an e puer Joer als Enseignant an der Escher Beruffsschoul ass e bei d'Lëtzebuerger Eisebunn schaffe gaangen, wou e säi Beruffslieswe laang sollt bleiwen.
Hie war member vun der ASSOSS an huet sech 1937 an der Kampagne géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz engagéiert. Am Zweete Weltkrich gouf en, nodeems en e Mount am Prisong sutz, op eng ënnergeuerdent Plaz an der Reichsbahn versat an 1943 entlooss.
Nom Krich gouf den Antoine Wehenkel Generalsekretär vun der Verwalung vun der CFL, au gouf 1962 zu däer hirem Direkter ernannt (bis 1964, wou e Minister gouf).
Nom Krich ass hien och der Lëtzebuerger Aarbechterpartei bäigetratt a gouf 1951 an d'Chamber gewielt. Bis 1974 sollt en all Kéiers duer erëmgewilet ginn. 1951 bis 1964 war hien en och Gemenge-Conseiller vun der Stad Lëtzebuerg.
1964 gouf den Antoine Wehenkel zum Minister an der Regierung Werner-Cravatte ernannt, wou en d'Portefeuillë vum Budget, der Wirtschaft an der Energie hat.
1970 bis 1974 war hie Parteipresident vun der LSAP. Dono war en nach annerhalleft Joer Chamberpresident an huet sech dann aus dem aktive politesche Liewen zeréckgezunn. Déi Joeren drop huet hie virun allem d'Haus Am Dierfgen restauréiert, dat senger Famill gehéiert huet, an d'Geschicht vun deem Hauskomplex documentéiert.
Den Antoine Wehenkel war och 15 Joer laang Groussmeeschter vun der Grande Loge de Luxembourg. Hie war bestuet a Papp vu 5 Kanner.