André Mergenthaler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den André Mergenthaler, eigentlech André Mergen, gebuer zu Péiteng ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.
Wéi de jonken André aacht Joer hat, huet säi Papp hien an d' Rodanger Musek an an d' Péitenger Musekschoul geschéckt. Do huet hien ugefaange mat Klarinett. No enger kuerzer Zäit huet hiem ëmgesuedelt op Saxophon. Seng Léier huet hien dunn op de Conservatoire vun Esch-Uelzecht, Metz a Paräis gefouert. Duerno koume véier Joer op der Hochschule für Musik Köln, wou hien Cello studéiert huet.
Aacht Joer laang war den André Mergenthaler bei der Grupp Art Zoyd. Mat hinnen as hien an Europa (Kontinent), den USA an den Ostblocklänner opgetrueden. Nodeems hie nees a sengem Heemechtsland war, ass e meeschtens als Solist opgetrueden.