Alfred Kowalsky
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Alfred Kowalsky (17. Februar 1879 am Pafendall - 14. Mee 1943 zu Metz) war e Komponist. Heen huet ë.a. d'Musek fir d'Oper Griselinde geschriwwen.
Nodeems 1923 eng Entente vun Escher Veräiner, wéi d'Harmonie municipale, de Cercle symphonique, d'Alliance Française an den Uelzecht-Chouer d'École de musique d'Esch-sur-Alzette als Coopérative gegrënnt haten, huet am August 1926 d'Gemeng Esch déi Museksschoul iwwerholl a se an École municipale de Musique ëmgedeeft. Den Alfred Kowalsky, deen Uergel zu Paräis beim Charles-Marie Widor studéiert hat, a Kompositioun beim Richard Strauss zu Berlin, gouf Direkter.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Oper
- Griselinde, Musek vum Alfred Kowalsky, no engem Text vum Nikolaus Welter
[Änneren] Operetten
- Dräi ass göttlech, Musek: Muller, J.A./Kowalsky, Text: Batty Weber
- D'Rosy vun der Stemillen,Musek: A. Kowalsky Text: Nik. Wampach
[Änneren] Aner Wierker
- Mai Kand
- Élégie
- Capriccio
- Nuetsgebied
- Trio fir Piano, Gei a Violoncel
(Dëst sinn nëmmen puer Beispiller, Kuckt och op der Säit vun der Nationalbibliothéik).
[Änneren] Literatur
- Blasen, Léon: Alfred Kowalsky (1879-1943), Lëtzebuerger Komponisten , Telecran, Lëtzebuerg, Jg. 6(1984)
- Krier, Guy: Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal , an 125 Jor Sang a Klang / Chorale "Sang a Klang" - Lëtzebuerg, 1982. - P. 61-63