Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Alexander Weicker - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Alexander Weicker

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Paul Alexander Weicker (* 16. Oktober 1893 zu Holzem; † 19. Dezember 1983 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Den Alexander Weicker mécht 1915 seng Première zu Dikrech a studéiert dono zu München Maschinnebau an dono Staatswëssenschaften. Am September 1922 plënnert en op Paräis a schléit sech do als Taxischauffer duerch.

Ufank 1926 schreift de Weicker der Marieluise Fleißer, der Frëndin aus senger Münchner Zäit, an engem Bréif iwwer seng Reesen a Rumänien, Portugal an d'Schwäiz an datt e wëlles hätt, zréck an Däitschland ze kommen. Duerno verschwënnt de Weicker fir zéng Joer. Aus senge spéideren Zeitungsartikelen ass erauszeliesen, datt hien an deeër Zäit an Ungarn, Spuenien, Marokko, Italien, Griicheland, Frankräich an op Sizilien erëmgedriwwen huet.

1936 bestuet e sech zu München mat der Hilda Künzig, engem Dokteschmeedchen, a plënnert dann op Waasserbëlleg, wou hie bis 1940 vum Schreiwe lieft. Hire Jong Edouard kënnt do de 5. Mäerz 1936 op d'Welt. Kuerz nodeems Lëtzebuerg vun däitschen Truppen best gouf, plënnert de Weicker mat der Famill op Hamm. Am Krich schafft hien an der Zivilverwaltung.

Nom Zweete Weltkrich gëtt hie Gérant vum "Office central des Combustibles", a méi spéit huet en eng eegen Import-Export-Firma opgemaach. Zäit senges Liewens huet e fir Lëtzebuerger Zeitungen déi verschiddenst Artikele geschriwwen.

Den Alex Weicker ass am Alter vun 90 Joer an der Stad gestuewen.

[Änneren] Säi Wierk

1921 koum dem Weicker säi Roman Fetzen am Georg Müller Verlag zu München eraus (Eng Studienausgaf ass 1998 vum Nationale Literaturzentrum erausgi ginn).

Fetzen ass eng Zort expressionistesche Bildungsroman, wou den Haaptpersonnage Jappes, e jonke Mann, an der Groussstad d'Léift, d'Hinn-an-hiergerappt-sinn tëschent zwou Fraen, d'Verantwortung, d'Konfrontatioun mam Establishment; kuerz: d'Erwuessegi kenneléiert.

[Änneren] Literatur

  • Weicker, Alexander: Fetzen. Roman. Vorgestellt und kommentiert von Gast Mannes. Mersch: Centre national de littérature Mersch 1998 (Lëtzebuerger Bibliothéik 8).
  • Mannes, Gast: Marieluise Fleißer & Alexander Weicker "Ich bin stolz auf ihn solange ich lebe" , 1999, Editions Phi & Centre National de Littérature, 144 Säiten, ISBN 3-88865-160-3
  • Mannes, Gast: "Literarischer Expressionismus aus Luxemburg: Alexander Weickers Roman 'Fetzen." In: Galerie. revue culturelle et pédagogique. Nr. 3. (1994) S. 409-432.


[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com