Wolfgang Hilbig
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wolfgang Hilbig (* 31. August 1941 zu Meuselwitz bäi Leipzig) ass ee vun de grousse Schrëftsteller vun der däitschen Nokrichsliteratur.
[Änneren] Säi Liewen
An der éischter Halschent vu sengem Liewen huet den Hilbig ënner anerem als Schlesser an Heizer an der DDR geschafft. 1981 gouf d'Amt Kultur bäim Zentralkomitee vun der SED op en opmierksam, dat seng Schrëftstellerei ënner Beobachtung gestallt huet. 1985 krut den Hilbig d'Erlaabnis, fir ee Joer an d'Bundesrepublik Däitschland ze reesen. Mee nodeems datt säi Visa ofgelaf war ass en net zréck an d'DDR gaangen a lieft zënterhier zu Nürnberg.
[Änneren] Seng Wierker
- Die Abwesenheit (Lyrikband, 1979)
- Unterm Neomond (Erzielungen, 1982)
- Alte Abdeckerei (Erzielung, 1991)
- Grünes grünes Grab (Erzielungen, 1993)
- Ich (Roman, 1993)
- Die Arbeit an den Öfen (Erzielungen, 1994)
- Das Provisorium (Roman, 2000)
- Der Schlaf der Gerechten (Erzielungen, 2003)