Wischnuismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wischnuismus ass eng vun den dräi Haaptrichungen vum Hinduismus (niewent dem Schiwaismus an dem Schaktismus), déi als héchste Wiesen a Gottheet de Wischnu unhuelen, deeër all aner Gëtter ënnergeuerdnet sinn. De Wischnuismus ass e monotheistesche Glawen.
Am Wischnuismus kënnt de Wischnu an zéng verschiddenen Inkarnatiounen op d'Welt zréck, fir se ze retten. Déi zéngt Inkarnatioun ass nach um Kommen.
De Wischnuismus ass eng Form vu Relioun, déi op Andacht baséiert, an de Wee fir erléist ze ginn ass de Bhakti, dat Sech-Higinn un de Wischna oder un eng vu sengen Inkarnatiounen, wéi de Krischna oder de Rama. Dat Sech-Higinn mat Léift geet duer fir eng Erléisung vum Net-Wëssen (Avydia). Eng Form vu Gnopsis wéi am Yoga oder Tantra ass net néideg.
D'Wuerzele vum Wischnuismus reeche ganz wäit zréck a schonns an der Bhagavadgita gëtt de Bhakti-Yoga als ee vun den dräi Weeër ernimmt fir erléist ze ginn.
E puer vun deene bekannteste Wischnu Gleewege waren den Dichter Kabir, den Dichter Tulschidas oder de Mahatma Ghandi.
Am 20. Joerhonnert ass de Krischna-Kult vum Chaitanya, dem Gaudiya Waischnawa-Glawen, ënner dem Numm "Krischna-Bewosstsäin" international bekannt.