Willy Dumont
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Willy Dumont, gebuer den 29. Februar 1880 zu Hamm, war e lëtzebuergeschen Volleksschrëftsteller.
Fir Gäertnerei ze léieren, koum de Willy Dumont no der Primärschoul op d' Schläifmillen bei d'Bridder Godchaux. Du krut en eng Aarbecht zu Wëntreng a beim Blummegäertner Wenandy um Lampertsbierg. No siwe Joer am Ausland koum den Dumont nees heem a krut eng Ustellung bei enger Herrschaft op der Schläifmillen. No 13 Joer als Gäertner an der Stëftung Pescatore huet de Willy Dumont sech selbstänneg gemaach.
Dem Willy Dumont säi léifsten Zäitverdreif war awer den Theater. Nodeems hien aus der Friemd zréck war huet en een Theaterensembel gegrënnt an en huet ugefaang, Stécker ze schreiwen. Den Dumont war ni en Intellektuellen; hie léisst sech am beschten als Volleksschrëftsteller klasséieren.
[Änneren] Säi Wierk
- Hierzelêd. Kamméidisteck an 3 Akten mat Gesank, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen Verlag
- Teschend zwê Feier. Operett mat Gesank an 3 Akten, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen Verlag, 1916
- Sei leschte Wonsch. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Worré, 1927
- Hiert Gleck. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen Verlag, 1918
- Onst déglecht Bro't. Operett an 3 Akten, Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen, 1918
- Verkuebelt. Operett an 2 Akten "fir Jofferevereiner", Musek vum Gust Kahnt, Linden & Hansen, 1918
- E Mammenhierz, Operett a 4 Akten an eng Verwandlung, Musek vum Fernand Mertens, Linden & Hansen, 1918
- Um Hêmwé. Operett an 2 Akten, Musek vum Pol Albrecht, Linden & Hansen, 1919
- Onro'ech Hierzer. Vollekssteck a 4 Akten an ên Tablo , Musek vum Gust Kahnt, Worré, 1920
- Mönschefrenn. Volleksteck an 3 Akten mat Gesank, Musek vum Gust Kahnt an Nic. Biever, Worré, 1921
- Gehânskuenkelcher. Trauerspill mat Gesank an engem Akt, Musek vum Fernand Mertens, Worré, 1924
- Am Karschnatz. Volleksteck an 3 akten mat gesank an ên Tablo, Musek vum Pol Albrecht
- D'Nuechtegailchen. Volleksstck an 3 Akten an 1 Tablo, Musek vum Pol Albrecht
- E Fre'op. Volleksteck a 4 Akten mat Gesank an 2 Biller, Musek vum Pol Albrecht