Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Veteran and Vintage Car Club of Luxembourg, ofgekierzt VVCCL, gouf den 28. Januar 1968 am fréiere Café Le Tacot um Hellege Geescht gegrënnt.
Den Zweck vum Club war fir d'Propriétairen vun alen Autoen, also vu virum Krich, zesummen ze rafen. Schonns 1963, bei der Jordausendfeier vun der Stad Lëtzebuerg war ee Korso vun alen Autoen organiséiert ginn, an et huet awer bis 1968 gedauert bis de Club gegrënnt gouf.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Grënnungmemberen
D'Grënnungsmembere vun deemools waren:
- De Jean de Buck, ee belsche Journalist deen et op Lëtzebuerg verschloen hat,
- de Luigi Sgorlon deen deemools den "Tacot" bedriwwen huet,
- de Jean Thoma deen haut nach zu Huewel lieft,
- de Marcel Schmit, deen deemools am Ministère des Transports zu Sandweiler geschafft huet, spéïder war hie Burgermeeschter zu Duelem, an
- de Jos Wantz.
Eng éischt Generalversammlung war dun am Dezember 1968 wou fir d'éischt eng ganz Parti nei Memberen opgeholl goufen. Et waren deemools:
- de Carlo Thill vu Schengen,
- de Wenkin's Jim,
- de Greven's Gast an
- de Piazzas Jengi deemools vun Esch an de Burgun's Remy vun Heeschreff.
Éischte President gouf dun de Carlo Thill, well bis dohinner war eigentlech kee Comité do, mee nëmmen eng Equipe di de Club opgeriicht huet.
[Änneren] De Club
Et gouf sech du Gedanke gemaach wéi een d'Propriétairen vun alen Autoen derzou kréich fir och mat hire Gefierer ze fueren: Déi ware jo deemools den "normalen" Autoen gleichgesat, an hunn dem entspriechend och kascht! De President Carlo Thill an de Grënnungssekretär vum jonke Club, de Wantze Jos, hu sech dunn op d'Bee gesat fir verschidden Allégementer bei der Benotzung vun alen Autoen duerchzesetzen. De Wantze Jos, deen deemools am Finanzministère geschafft huet, hat deemools nach de Commissaire du Gouvernement bei den Assurancen am Haus, an esou war ee Kontakt mat der ACA relatif einfach ze maachen. No laangen Debatte mat der ACA gouf dunn duerchgesat datt al Autoen, vu dat si jo net esou dacks op der Strooss waren, ee vill méi bëllegen Tarif kruten: 50% vum normalen Autostarif, dat war deemools vill Geld gespuert! Als Beamten am Finanzministère hat de Jos och ee gudden Drot an d'Steierverwaltung, an no laange Verhandlungen, bei deenen deemools de jonken Affekot Jean Wagner vill gehollef hat, gouf dunn am Budgetsgesetz vun 1970 dra geschriwwen datt al Autoen nëmmen eng "taxe forfaitaire" vun 200 Frang bräichten ze bezuelen! E puer Joer méi spéit goufen dunn aus deenen 200 Frang der 250 gemaach, wat bis haut (2006) nach ëmmer gëllt (6,20 Euro)! Du gouf de Club ufanks 1970 gefrot fir mat hiren alen Autoen op d'Good-Year's Summerfest op Ettelbrëck ze kommen. Den deemolegen Doktor Infalt vun Ettelbrëck war am Comité d'organisation vun deem Summerfest, a well de Jos en Ettelbrecker war, wor dee Kontakt zustane komm. Extra fir dat Fest gouf dun deen éischte Rallye mat alen Autoen zu Lëtzebuerg organiséiert. Deen huet deemools geheescht: Premier Rallye international d'automobiles anciennes, aus deem dat Joer drop dun den "Tour de Luxembourg pour voitures anciennes" gouf, Numm a Rallye deen nach bis haut besteet. Fir datt awer dee Rallye och eng auslännesch Participatioun sollt kréien gouf vum Carlo a vum Jos gebruët datt de VVCCL an d'FIVA opgeholl gouf. (Fédération Internationale des Voitures Anciennes huet se deemools geheescht, doraus gouf a spéïdere Joren Fédération Internationale des Véhicules Anciens). d'Parrain'en bei der FIVA vum Lëtzebuerger Club waren de Jules Stekelorum vu Bréissel, President vum Vétéran Car Club de Belgique (deen heescht haut Royal Veteran Car Club Belgium) an de President vum däitschen ASC, Allgemeiner Schnauferl Club, de PH Roehll (Paul Heinz Roehll). Duerch déï Kontakter gouf de VVCCL international bekannt an konnt an de 70er Joren, bis an d'80er rann eng formidabel international Participatioun opweisen.