Tunnel Grouft
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Tunnel Grouft ass en Tunnel op der lëtzebuergescher Autobunn A7 den ënner dem Blaaschenterbierg erduerch geet. E krut säin Numm duerch de Flouernumm Grouft bei Blaaschent, deen ongeféier op der halwer Streck vum Tunnel läit, a wou den Tunnel och am déifsten ënner dem Buedem läit.
Den Tunnel huet eng Längt vun 2.966 m. (PK 6.300 - PK 9.266). E verbënnt de Plateau vum Heeschdrëferbierg am Süden, mat dem Uelzechtdall am Norden.
Den Tunnel deen eng duerchschnëttlech Pente vu 4.5% huet (Maximal Pente 4.63%) besteet aus zwéi Réier. An Nordsüd-Richtung huet d'Fuerbunn dräi Spuren a vum Heeschdrëferbierg bis op den Echangeur vu Luerenzweiler sinn et der zwou. Déi drëtt Spuer biergop gouf aus Sécherheetsgrënn ugeluecht, an dëst haaptsächlech well d'Opfaarte vum Echangeur vu Luerenzweiler Pente vu bis 6 % hunn, an net wäit genuch vum Tunnel ewech fir datt Camionen nom Areie genuch Vitesse kënne kréien fir de Bierg erop ze fueren. Daat hätt just virun der Entrée vum Tunnel zu geféierleche Stituatioune kënne féieren an och am Tunnel selwer (Accidenter duerch Hannendroprennen), sou datt décidéiert gouf eng drëtt Spuer duerch den Tunnel op der ganzer Längt ze bauen.
[Änneren] De Bau vum Tunnel
De Chantier gouf de 14. Februar 2005 ageriicht.
De 24. August 2005 gouf mat den Aarbechten um eigentlechen Tunnel ugefaangen. Gläichzäiteg gouf ugefaangen den zweespurege Rouer (T2) vun Norden a vu Süden ze gruewen. E puer Woche méi spéit gouf och den 3 spurege Rouer (T3) an Ugrëff geholl.
De 4. Dezember 2006 war den Duerchstéch am Rouer T2 (zwou Pisten) a Präsenz vum Groussherzog Henri.
Am Summer 2009 sollen d'Déifbauarbechte fäerdeg ginn an den Tunnel soll 2012 a Betrib goen.