Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wann Dir scho Bescheed wësst, no wat Dir siche wëllt, da fannt Dir déi passend Informatiounen am séiersten iwwert d'Sich an der Säiteläischt lénks:
|
|
1. An d'Textfeld gitt dir e Stëchwuert an, iwwer dat Dir gäere méi gewuer gitt. Tipp: Mat der Tastekombinatioun Alt-F spréngt de Maus-Cursor direkt dohinner (funktionnéiert net mat Opera).
Fir déi meescht Artikelnimm benotzt Wikipedia d'Einzahl. Wann Dir eppes iwwer Seefeblose sicht, da sicht no Seefeblos. Nëmme wann d'Einzahl net immens oft gebraucht gëtt, wéi zum Beispill bei den Olympesche Spiller, gëtt de Plural benotzt. Och biologesch Gattungsnimm stinn am Plural.
|
|
2a. Klickt op Lass, wann Dir direkt zum Artikel iwwert Äert Stëchwuert sprange wëllt. Wann et den Artikel net gëtt, duerchsicht Wikipedia automatesch all Artikelen nom Stëchwuert. |
|
2b. Mat engem Klick op Sichen kënnt Dir all Artikelen op der Wikipedia nom Stëchwuert duerchsichen. |
|
Et ka sinn, datt d'Sichfunktioun ausgeschalt gëtt, wann zevill Traffic um Server ass. Da kritt Dir amplaz vun enger interner Sich op Wikipedia d'Méiglechkeet iwwer Google oder Yahoo ze sichen. Méi genee Informatioun zu der Sichfunktioun verode mir Iech ënner Wikipedia:Sichen. Wéi Dir an der Wikipedia bliedert, gitt Dir op der nächster Säit gewuer.