Théo Kerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Théo Kerg, gebuer den 2. Juni 1909 zu Nidderkuer, a gestuerwen de 4. Mäerz 1993 zu Chissey en Morvan (Burgund), Frankräich) war e lëtzebuergesche Moler, Sculpteur, Graveur a Glasmoler.
[Änneren] Säi Liewen
Den Théo Kerg koum als Bouf vun engem Schoulmeeschter zu Nidderkuer op d'Welt an huet de Lycée zu Esch-Uelzecht besicht. Duerno huet hien zu Paräis op der École Nationale Supérieure des Beaux Arts, der Sorbonne an dem Institut d'Art et d'Archéologie studéiert.
1932-33 war hie Schüler vum Paul Klee a vum Oscar Moll op der Kunstakademie Düsseldorf.
Vun 1936 bis 1943 huet hien zu Lëtzebuerg als Zeecheprofesser geschafft.
1946 verléisst hie Lëtzebuerg a Richtung Paräis.
[Änneren] Säi Wierk
1934-35 war hie Member vum groupe "abstraction-création".
1937 bedeelegt hie sech un der Ausstellung "Art Mural" zu Paräis.
Den Théo Kerg huet ënneranerem d'Fënsteren aus Glasbeton an der Zenser Kierch realiséiert.
Am Joer 1982 huet den Théo Kerg eng Aarbecht fir déi franzéisch-Schwäizer Konschtrevue TROU (# 3) geschaf. Fir eng limitéiert Oplo (100 Stéck, vergraff) huet hien eng Originalgraphik gemaach. An därselwechter Editioun vun TROU si Kreatioune vu Jean Lecoultre, Alicia Penalba, Jean Bouhier an Vinko Globokar dran.