Stan Ockers
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Josephus Constant genannt Stan Ockers, gebuer den 3. Februar 1920 zu Borgerhout, engem Distrikt vun Antwerpen, hien ass den 29. September bei enger Individuelle vu 50 Kilometer hanner Dernys gefall an ass den 1. Oktober 1956 an enger Klinik vun Antwerpen gestuerwen (source "Stan Ockers" vum Claude Degauquier), war ee belsche Vëlosportler.
De Stan Ockers deen 1941 Profi gouf konnt sech eréischt an de 1950er Joren richteg profiléieren. Seng beschte Joer waren tëscht 1953 a 1955 mat Succèsen op der Flèche Wallonne (1953) an um Weekend Ardennais (1955).
1955 gouf hien och an Italien zu Frascati Weltmeeschter op der Strooss, an op der Piste zesumme mam Rik van Steenbergen belsche Champion an der Américaine
Um Tour de France konnt hie sech zweemol als Zweete plazéierend an zwar 1950 hanner dem Ferdi Kübler an 1952 hanner dem Fausto Coppi.
1955 an 1956 war hie beim Tour de beschte Sprinter.
Hien hat knapps 36 Joer wéi hie bei engem Pistefueren zu Antwerpen sou schwéier gefall ass, datt hie gläich drop gestuerwen ass.