Sirrah
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sirrah ass d’Bezeechnung fir de Stär Alpha Andromedae.De Sirrah, mat der aaler Bezeechnung „Alpheratz“ befënnt sech um nordëstlechen Enn vum Pegasusquadrat. Op munch ale Stärekaarte gett de Sirrah och zum Pegasus gerechnet an als Delta Pegasi bezeechent. De Sirrah huet eng scheinbar Hellegkeet vun +2,15 mag. Säi Spektraltyp ass B9 an hien huet eng Surfacetemperatur vun ca. 30.000 Kelvin an eng dinkelblo Surfacefuarf. Seng Liichtkraaft iwwersteigt déi vun eiser Sonn ëm dat 200-facht. No neitste Fuerschungen a Berechnungen huet de Sirrah den 2,7-fache Sonnenduerchmiesser. De Sirrah ass op enger Distanz vun 390 Liichtjoer ewech.
Koordinaten (Äquinoktium 2000.0)
- Rektaszensioun: 0h08m23.30s
- Deklinatioun: +29°05'26.0"