Schlass Drottningholm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Schlass Drottningholm läit baussen vu Stockholm an ass de Wunnsëtz vun der schwedescher Kinniksfamill. Et handelt sech ëm prachtvoll Gebäier déi als éischt schwedescht Kulturdenkmal op d'Lëscht vun der UNESCO - Weltierfschaft opgeholl si ginn, besonnesch opgrond vun zwee Gebäier, dem chinesesche Schlässchen (Kina slott) an dem Drottningholmtheater.
D'Schlass Drottningholm gouf an der zweeter Halschent vum 17. Joerhonnert am Barockstil no de Plangen vum Architekt Nicodemus Tessin d.Ä. gebaut, op däer Plaz wou e fréiert Gebäi duerch e Feier zerstéiert gi war. Säi Fils Nicodemus Tessin d.J. huet d'Ausféierung iwwerholl an och e Barockpark nom franséischen Virbild ugeluecht. De Park gouf méi spéit vergréissert an de Gustav III huet du och en engleschen Gaart uleeën gelooss. Ëm 1760 huet d'Kinnigin Lovisa Ulrika eng Rei vun neien Gebäier baue gelooss, dorënner dat chineesescht Schlässchen am Rokoko-Stil mat orientaleschen Elementen an den Drottningholm Schlasstheater.
De Schlasstheater ass ee vun de bescht erhaalensten Barocktheatren vun Europa. Seng Glanzzäit hat hien ënnert dem Gustav III, dee selwer Theaterstëcker geschriew huet an och gär als Schaupiller do opgetratt ass. Et sinn an deem Theater, deen haut rëm fir Opféierungen benotzgët, eng Partie Bühnenbiller ausgestallt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Literatur
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- UNESCO - Weltierfschaft