René Weis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De René J. A. Weis gouf den 22. Juni 1953 gebueren an ass zu Dikrech an de Kolléisch gaang.
No senge Studie vun der englescher Literatur zu Edinburgh an zu London gouf hien reader am University College London (UCL), wou hien zanter hier ennerriicht. Nieft enger bedeitender Zuel vu reng wësseschaftlechen Aarbechten huet hien och aner Bicher geschriwwen, enner anerem Criminal Justice: The True Story of Edith Thompson (Hamish Hamilton, 1988) an The Yellow Cross (Viking, 2000). The Yellow Cross erzielt d'Geschicht vun de leschte Katharen an der Languedoc am Ufank vum 14. Joerhonnert, iwwerdeems Criminal Justice d'Schicksal vun enger Fra, déi 1923 an England onschëlleg higeriicht gouf, verfollegt (Edith Thompson).
Am Moment schafft de René Weis un enger neier Biographie vum William Shakespeare.