Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Rangéiergare - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Rangéiergare

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Eng Rangéiergare och nach kuerz Triage genannt ass eng Eisebunnsgare déi drop spezialiséiert ass Wagone fir de Giddertransport aus hierer initialer Ramm erauszehuelen an se esou zë sënneren dass se fir nei Marchandisenzich kënnen uneneegekoppelt ginn.

Rangéiergare vu Kornwestheim, bei Stuttgart
Vergréisseren
Rangéiergare vu Kornwestheim, bei Stuttgart

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Beschreiwung

Eng Rangéiergare huet spezial Installatioune fir de Marchandisentransport op der Eisebunn méi einfach a méi rationell z'organiséieren. Sou eng Gare ass e puer Kilometer laang a besteet aus dräi Deeler:

  • Ee Gleisstrahl (8,9,oder 10 Gleiser) wou Zich erakommen a waarde fir ausgehaang ze ginn.
  • Ee Gleisstrahl wou gesënnert gëtt (dat ass dee gréissten Deel vum Triage mat bis zu 50 Gleiser)
  • Ee Gleisstrahl fir den Depart vun den Zich (och bis zu 10 Gleiser)

[Änneren] Déi verschidden Type vu Rangéiergaren

Rangéiergare vu Maschen bei Hamburg
Vergréisseren
Rangéiergare vu Maschen bei Hamburg

Et gëtt dräi verschidden Zorte vun Triagen: dee ganz flachen, dee mat enger Kopp an deen op engem schife Plang.

[Änneren] De flachen Triage

Sou Gare si ganz flach an d'Wagonen musse gedréckt ginn bis se iwwer déi respektiv Weich ewech sinn fir op dat Gleis ze komme wou se higehéieren. Hei kann nëmme just virun der Weich lassgekoppelt ginn. Dëse System huet een héijen Aarbechtsopwand an ass relativ lues. Duerfir gëtt et deen och am Prinzip nëmmen a klenge Rangéiergaren, (manner wéi 12 Gleiser) am Sënnerberäich. Et gëtt a verschidde Länner zwar och nach méi grousser déi esou fonktionnéieren.

Meeschtens sinn dës kleng Triagen awer a Privatbesëtz, besonnesch bei groussen Industrieanlagen, an Häfen oder bei Minièren.

[Änneren] Den Triage mat enger Knupp

Dës Zort vun Triage ass fir de Moment déi efficassten. Op sou enger Gare kënne bis e puer Dausend Wagonen den Dag gesënnert ginn.

[Änneren] Den Triage um schife Plang

Dës Gare fonktionnéieren op déi selwecht Manéier wéi déi mat enger Knupp just dass hei d'Gleiser alleguerten ee liicht Gefäll hunn an d'Wagone sou duerch hiert eegent Gewiicht déi ganzen Zäit vum selwe weiderlaafen. Déi gréisst dovun ware fréier an Däitschland an an England.

Dee gréisste vun deeër Zort deen hautdesdaags nach fonktionnéiert ass dee vun Nürnberg an Däitschland.

Dës Triagen hun och eng grouss Kapacitéit, mee et gëtt méi Personal do gebraucht.

[Änneren] Litteratur

Rangéiergare vu Capdenac a Frankräich
Vergréisseren
Rangéiergare vu Capdenac a Frankräich

[Änneren] Op Franséisch

  • BLIER Dr Gérard: Nouvelle géographie ferroviaire de la France. Paris: La Vie du Rail.
  • La Vie du Rail N° 2462 (21/IX/1994): Spécial Triages. L'avenir du wagon isolé. La carte de France des 22 triages. Visite à Sibelin, Woippy et Noisy.
  • HENRARD Roger (Photos): La France ferroviaire vue du ciel. L'Est, le Sud-Est et le Sud-Ouest 1960 - 1972. Paris: La Vie du Rail, 2003. ISBN 2-915034-16-8. (= Images de trains, tome X).
  • HENRARD Roger (Photos): La France ferroviaire vue du ciel. Le Nord et l'Ouest 1955 - 1972. Paris: La Vie du Rail, 2004. ISBN 2-915034-30-3. (= Images de trains, tome XI).

[Änneren] Op Däitsch

  • GOERING A./ ODER M. (Bearb.)/ LOEWE F./ ZIMMERMANN Dr. H. (Hg.): Der Eisenbahnbau. Ausgenommen Vorarbeiten, Unterbau und Tunnelbau. V. Deel vum Handbuch der Ingenieurwissenschaften, Véierte Band: Anordnung der Bahnhöfe, 'Eischt Abteilung: Einleitung, Zwischen- und Endstationen in Durchgangsform, Verschiebebahnhöfe, Güter- und Hafenbahnhöfe. Leipzig: Editeur Verlag Wilhelm ENGELMANN, 1907. (= Handbuch der Ingenieurwissenschaften in fünf Teilen: Fünfter Teil Der Eisenbahnbau, Vierter Band, Erste Abteilung).
  • BARKHAUSEN Dr. (Hg.)/ BLUM/ von BORRIES/ COURTIN/ von WEISS: Der Eisenbahn-Bau der Gegenwart. Drëtten Abschnitt: Bahnhofsanlagen einschließlich der Gleisanordnungen auf der freien Strecke. Zweet ëmgeschaften Oplag. Wiesbaden: Kreidel's Verlag, 1909.
  • RÖLL Dr. Viktor Freiherr von (Hg.) et al.: Enzyklopädie des Eisenbahnwesens. Zweet komplett neiverschaften Oplag. Zengte Band. Berlin/Wien: Urban & Schwarzenberg, 1923. (Säit 124...138: CAUER, Verschiebebahnhöfe).
  • GRASSMANN Ewald (Hg.): RANGIERTECHNIK. Nachdruck der Sonderhefte "Verschiebebahnhöfe in Ausgestaltung und Betrieb" und "Rangiertechnik", erauskomm vu 1922 bis 1938 an der Zäitschrëft "Verkehrstechnische Woche", erausginn vun der Studiengesellschaft für Rangiertechnik. Minden (Westf.): Deutsche Bundesbahn, Fachausschuss für Rangiertechnik, 1952.
  • FIEDLER, ? (Bundesbahnrat), Die Gleisbremsenbauarten im In- und Ausland. An: Niederschrift der 20. Sitzung des Fachausschusses für Rangiertechnik, Duisburg 1957 (Anlage 2, Seiten 17...32). (= Forschungsarchiv Nr. 76).
  • BLUM Otto: Personen- und Güterbahnhöfe. Zweet nei oplag vum Dr.-Ing. habil. Kurt LEIBBRAND. Berlin/Göttingen/Heidelberg: Springer-Verlag, 1961. (= Handbuch für Bauingenieurwesen).
  • DELPY Dr. Albert/ GRASSMANN Prof. Dr. Ewald/ GRUBER Herbert: Der Rangierbahnhof und seine technische Ausrüstung. Starnberg: Josef Keller Verlag, 3. neiverschafften Oplag, 1965. (= Eisenbahn-Lehrbücherei der Deutschen Bundesbahn, Band 94).
  • GRAU Prof. Berthold: Bahnhofsgestaltung. Band 2. Berlin (Ost): Transpress VEB Verlag für Verkehrswesen, 1968.
  • Deutsche Bundesbahn, Bundesbahndirektion Hamburg (Hg.): Der Rangierbahnhof Maschen. Oldenburg (Oldb.): Stalling, 1975. Keng ISBN.
  • HILLER Dr. Wolfgang: Rangierbahnhöfe. Berlin (Ost): Transpress VEB Verlag für Verkehrswesen, 1983. (= Eisenbahnbau). Keng ISBN.
  • KRETSCHMANN Heinz Werner: Eisenbahnknotenpunkt Hamm. Entstehung und Entwicklung bis 1927. An: Jahrbuch für Eisenbahngeschichte 1987, Band 19, Seiten 5...54. Editeur: Deutsche Gesellschaft für Eisenbahngeschichte, Karlsruhe. Lübbecke: Uhle & Kleimann, 1987. ISBN 3-922657-59-1.
  • SCHIEBER Martin/ WINDSHEIMER Bernd/ IMHOF Heinrich: 100 Jahre Rangierbahnhof Nürnberg 1903-2003. Nürnberg: Editeur DB Cargo Niederlassung Nürnberg, DB Museum Nürnberg, Geschichte Für Alle e.V. - Institut für Regionalgeschichte. Sandberg Verlag, 2003. ISBN 3-930699-36-2.
  • MEINOLD Markus: Bahnhof Hamm (Westf). Die Geschichte eines Eisenbahnknotens. Hövelhof: DGEG Medien GmbH 2004. ISBN 3-937189-07-6.

[Änneren] Op Italienesch

  • PICIOCCHI Dott. Antonio: Le nuove stazioni di smistamento: Osservazioni - Considerazione - Problemi. An: Ingegneria ferroviaria, 34(1979)11, Säit 733...755.
Bemierkungen zum Buch: Hei fënnt een eng Auswiel vun iwwersiichtlechen Diagrammen an déi verschidde Bauforme vu Rangéiergaren.

[Änneren] OP Englesch

  • RHODES Dr. Michael: The Illustrated History of British Marshalling Yards. Sparkford: Haynes Oxford Publishing & Co, 1988. ISBN 0-86093-367-9. Vergriffen.
  • RHODES (Dr.) Michael: North American RAILYARDS. St. Paul (USA): Motorbooks International (MBI Publishing Company), 2003. ISBN 0-7603-1578-7.

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com