Piz Buin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Piz Buin ass den héichste Bierg vu Vorarlberg an e läit an der Silvrettagrupp un der Grenz vu Graubünden (Schwäiz) a Vorarlberg (Éisträich).
De Piz Buin ass 3.312 Meter iwwer NN. Den Numm kënnt aus dem Rätoromaneschen a bedeit "Rannerspëtz". E gëtt an der Sivretta nëmme vun der riseger Pyramid vum Piz Linard mat 3.410 Meter a vum Fluchthorn mat 3.399 Meter iwwertraff. D'Grenz tëscht Éisträich an d' Schwäiz verleeft genee iwwer d'Spëtz an west-ëstlecher Richtung.
De vollen Numm op Rätoromanesch ass "Piz Buin Grond", am Géigesaz zur Zwillingspëtz "Piz Buin Pitschen" mat 3.255 Meter, deen direkt wider dem Piz Buin ass, nëmmen duerch d' Buinspléck gedeelt.