Pierre Maisonnet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre Maisonnet (15. Oktober 1750 an der Stad Lëtzebuerg - 29. Abrëll 1827) war e Lëtzebuerger Moler.
De Pierre Maisonnet war e Schüler vum Orvaler Moler, dem Pater Abraham Gilson, ier en op Wien Konscht studéiere gaangen ass. Vu 1780 war en Zeecheprof am Kollésch. Hien huet haaptsächlech Portraite gemoolt.
Zu senge Schüler hunn ë.a. de Jean-Baptiste Fresez, an och säin eegene Jong, de Pierre-François Maisonnet, gehéiert.