Paul de Scherff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul de Scherff (14. Juli 1820 zu Frankfurt am Main - 23. Juli 1894 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
Säi Papp war Gesandte vun Holland an Delegéierte vu Lëtzebuerg beim Däitsche Bond. No sengem Droits-Studium koum de Paul de Scherff op Lëtzebuerg. Hie war do 6 Joer laang Substitut, da 5 Joer Avocat général, dono Uewergerichtsrot a Procureur, an 1854, mat just 34 Joer, President vum Ieweschte Geriicht.
Vum 24. Juni 1856 bis den 11. November 1858 war hien Administrateur général (Minister) fir Bauten an Eisebunn an der Regierung Simons. Vun 1869 bis 1871, an dann erëm vun 1886 bis 1892 war hien Zentrumsdeputéierten an der Chamber, vun 1870-71 war e Chamberspresident.
Wéi an den 1870er-1880er Joeren d'Mauere vun der Festung Lëtzebuerg ofgerappt goufen, war de Paul de Scherff Conseiller am Bauteministère, wou en sech em d'Uleeë vum Stadpark gekëmmert huet.
De Paul de Scherff, dee mat enger Marie Pescatore bestued war, ass an der Fondation Pescatore gestuerwen.