Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Paul Finet - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Paul Finet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Paul Finet
Vergréisseren
Paul Finet

De Paul Finet gebuer 1897 zu Montignies-sur-Sambre , gestuerwen den 18. Mee 1965, war e belsche Gewerkschafler. Vu 1952 bis 1958 war hie Member a vu 1958-1959 President vu der Héijer Autoritéit vun der CECA.

Als Gewerkschaftler an néngten Member war hien 1952 vu sengen 8 Kollegen, déi vu de Memberslänner genannt waren, kooptéiert ginn. Zesummen hu se den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hier Fonctiounen opgeholl.

[Änneren] Säi Liewen a säi Wierk

De Paul Finet war e self made man. Seng Carrière huet en ugefaang als Metallaarbechter. Direkt nom Zweeten Weltkrich ass en vum Internationale Bond vun de Fräie Gewerkschaften zu hirem Präsident gewielt ginn. Hie war Gewerkschaftler duerch an duerch. An et ass och an der Capacitéit, dat hien vun den aneren 8, vun de sechs Regierungen bestëmmten Memberen, cooptéert gouf. An der Héiger Autoritéit huet hien sech intensiv fir d'Intérêten vu den Arbechter an hire Familjen agesat. Wann d'Héich Autoritéit vill um Gebitt vun der Ëmschoulung, der Ënnerstëtzung vun Affer vun Accidenter, der Bekämpfung vu de Berufskrankheeten an dëm Bau vun Aarbechterwunnengen gemeet huet, dann hat de Paul Finet dorun e grousse Verdéngscht.

Hien hat och d'Vertrauen vu de Regierungen vu de Memberslänner. De Bewäis duerfir war, datt hien 1957, wéi d'Kuelekris ausgebrach ass, zum Präsident vu der Héiger Autoritéit bestëmmt gouf, eng Fonktioun, déi hie bis 1959 ausgeübt huet. Och no senger Aktivitéit an den europäeschen Gremie war hien viru gewerkschaftlech aktiv. Hie gouf den 18. Mee 1965, matzen an der Aarbecht aus dem Liewe gerass, am Alter vun nëmmen 68 Joer.

[Änneren] De President Paul Finet an d'Sëtzfro

Als President vun der Héiger Autoritéit war de Paul Finet och vum President vum Europäesche Ministerrot Victor Larock gebiede ginn, fir en Avis iwwert d'Sëtzfro ofzeginn. Zesummegfasst, huet hien a sengem Bréif vum 19. Juni 1958 déi folgend Stellung bezunn:

  • Hien huet sech fir en eenzege Sëtz (Siège unique) fir sämtlech Instutiounen ausgeschwat.
  • Hien huet fir d'Créatioun vun engem District fédéral plädéiert.
  • Hien huet Bréissel als Siège unique proposéiert, an der Hoffnung, datt déi belsch Autoritéiten do e District fédéral géife schafen

Liest de Bréif, dee den Europäesche Centre de recherche ENA lo fräi ginn huet

[Änneren] D'Paul Finet Fondatioun

D'Paul Finet-Stëftung, ass eng Arichtung fir d'allgemengt Wuel (de. gemeinnützig), déi vun der Héiger Autoritéit vu der CECA no Lëtzebuerger Recht geschaf gouf an den Numm vum Paul Finet dréit. Dat ass geschitt, fir seng grouss Verdengschter am soziale Beräich ze honoréieren. Den Grond war dat tragescht Ongléck an der Kuelegrouf Marienthal an der Saar (1962), bei dem 299 Arbechter ëm d'Liewe komm sinn a puer honnert Kanner hire Papp verluer hunn. Dës Fondatioun hat an huet als Zweck, all dës Kanner, wéi och aner Opfer vun Akzidenter a Berufskrankheeten, am Beräich vu der Montanunioun ze ënnerstëtzen. Si gëtt géréiert vun engem Verwaltungsrot ënnert dem Virsëtz vum Kommissiounsmember (Europäesch Commissioun), dee fir d'Sozialfroen zoustänneg ass.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com