Parverband Kiischpelt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Parverband Kiischpelt gehéiert zu der Pastoralregioun Norden a besteet aus 5 Paren, mat hire respektive Filialkierchen:
- Pënsch (Pintsch)
- Äischer (Enscherange)
- Draufelt (Drauffelt)
- Lellgen (Lellingen)
- Siwwenaler (Siebenaler)
- Wëlwerwolz (Wilwerwiltz)
- Eeschwëller (Eschweiler)
- Kautebaach (Kautenbach)
- Knapphouschent (Knaphoscheid)
- Selschent (Selscheid)
Dës 5 Paren an hir Filiale verdeelen sech iwwer d´Gebitt vun 3 Gemengen: Kiischpelt (Pënsch, Wëlwerwolz, Äischer, Lellgen, Kautebaach, Mäerkels, Alschent), Eeschwëller (Eeschwëller, Knapphouschent, Selschent) a Munzen (Draufelt, Siwwenaler).
De Parverband läit am Dekanat Wolz. Paschtouer am Parverband Kiischpelt ass zënter dem September 2001 de Francis Erasmy.
[Änneren] Geschicht
De Parverband Kiischpelt gouf den 1. Oktober 2002 gegrënnt, wéi den Äerzbëschof Fernand Franck am ganze lëtzebuerger Land d'Parverbänn an d'Liewe geruff huet.
Zentrum vum Parverband Kiischpelt ass Pënsch, well dëst di gréissten an eelste Par (7.-8. Joerhonnert) vum Verband ass. Säit éiwegen Zäiten awer hat dës Par den Numm Kiischpelt. Dat kënnt vum däitsche Wuert „Kirchspiel“, en Numm, dee fréier op vill grouss Paren zougetraff ass. Dësen Numm ass hei erhale bliwwen, well Pënsch esou eng Mammepar bliwwen ass, eng Par mat villen Dierfer a Kierchen. Haut ass Pënsch déi gréisste Par am Land, wat d´Zuel vun den Dierfer a vun de Kierchen ugeet.
Fréier huet zu der Par Kiischpelt och bis 1806 Mäerkels-Alschent, a bis 1807 en Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf a vun der Wolz gehéiert. Eeschwëller mat Knapphouschent a Selschent huet Ufanks zu Wolz gehéiert a gouf am 12. Joerhonnert eng eege Par. Schliisslech gouf och Knapphouschent 1808 mat Selschent eng eege Par.