Ourthe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Ourthe ass e rietse Niewefloss vun der Meuse an der Belsch. Si entsteet aus dem Zësummefloss vun der Ourthe orientale (déi beim Duerf Ourthe an der Gemeng Gouvy entspréngt) an der Ourthe occidentale (déi beim Duert Ourt an der Gemeng Libramont-Chevigny hir Quell huet), allebéid an der Provënz Lëtzebuerg.
Beim Duerf Engreux lafen déi zwou zesummen. Gläich hannendrun gëtt d'Ourthe zu Nisramont an der Talspär gebremst a benotzt fir Stroum ze maachen. Am Uewerlaf leeft se duerch La Roche-en-Ardenne, am Ënnerlaf duerch Hotton, Durbuy, an, an der Provënz Léck, duerch Hamoir an Esneux ier se dann an d'Meuse leeft.
Haapt-Nieweflëss sinn d' Aisne, d'Lembrée, den Néblon, d'Amblève an d'Weser.
Vun Angleur un, leeft den Ourthe-Kanal op 2 km parallel zum Floss, vun do, wou d'Vesdre erakënnt, bis bei d'Mündung an d'Meuse.