Norbert Richtsteig
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Norbert Richtsteig, gebuer 1948 zu Rheinberg an Nordrhein-Westfalen ass en däitschen Organist.
Den Norbert Richtsteig staamt aus enger Organistefamill an hien huet Kierchmusek beim Herbert Voß op der Kierchmusekschoul St. Gregorius-Haus zu Oochen studéiert. Säi Ofschloss huet hien 1969 mam A-Examen gemaach. Nodeems hie beim Professer Michael Schneider zu Köln virustudéiert hat, huet en Interpretatiounssourse beim André Isoir, beim Peter Planyavsky a beim Ludger Lohmann beluecht.
Den Norbert Richtsteig ass Dozent fir Uergelimprovisatioun an Uergelliteraturspill op der Kathoulescher Héichschoul fir Kierchmusek St. Gregorius zu Oochen.
Zënter 1987 as hien Doumorganist am Oochener Doum.