Nicolas Majerus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nicolas Majerus (31. Oktober 1892 zu Useldeng - 14. Mäerz 1964) war e lëtzebuergesche Jurist, Geeschtlechen an Auteur.
Den Nicolas Majerus huet zu Berlin, Paräis an um Institut catholique Droit studéiert an huet 1922 mat sénger Thèse La situation légale de l'Eglise au Grand-Duché de Luxembourg zum Docteur en Droit promovéiert. Zënter 1917 war e Geeschtlechen. Well hien zu Lëtzebuerg keen zousätzlechen Exame gemaach huet, ass en do net um Barreau ugeholl ginn. Hie gouf Redakter beim Wort an huet 3 Joer drop d'Leedung vum Kathoulesche Volksveräin a vum Luxemburger Volk iwwerholl. 1930 war hien ee vun de Matbegrënner vum Jongbauerebond. 1936 gouf en Aumônier um Kolléisch.
Den Nicolas Majerus huet sech em d'Volleksbibliothéike beméit a war Auteur vun enger Rei Bicher, ë.a. iwwer d'Gesellschaften ouni Gewënnzweck, d'Spuer- a Kreditgenossenschaften, iwwer d'Gestioun vun der Kierch hire Gidder an iwwer d'Geschicht vum Droit zu Lëtzebuerg. Säi gréisste Projet, iwwer d'Lëtzebuerger Gemengen no hire Weistëmer an Akten, kunnt en net ofschléissen.