Nicolas Kettel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nicolas Kettel war e lëtzebuergesche Foussballspiller. Hien ass gebueren den 17. Dezember 1925.
Hien huet an der "Stade" zu Diddeleng an bei den "Young Boys" zu Dikrech gespillt a 67 Mätcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe.
Hien huet un den Olympeschen Spiller 1948 zu London deelgeholl an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.
Hien ass gestuerwen den 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosakkzident.