Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Strombierg - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Strombierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Schiethankbësch um Strombierg
Vergréisseren
Schiethankbësch um Strombierg

Strombierg ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Schengen. Zu Schengen am Dräilännereck läit um Strombierg e Bëschgebitt, wouvun zirka 29 ha zënter 1993 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geologie a Geschichtleches

D'Géigend ëm de Strombierg zeechent sech duerch eng héich Dicht u geologesche Schichten aus. Tëscht der Musel (145 m iNN) an dem héchste Punkt um Plateau (315 m iNN) läit eng Äerdgeschicht vu ronn 170 Millioune Joren. Am Muselbett läit dat eelste Gestengs (haaptsächlech Quarzit) aus der Devon-Zäit (virun ongeféier 400 Millioune Joren), dat sech als Sand am fréiere Mier ofgesat a verfestegt huet. Virun 250 Millioune Joren an der Ufankszäit vun der Trias war Gebitt nees bal ganz vum Mier bedeckt. Nei Mieresoflagerungen iwwert de Schichte vum Devon hu sech ofgesat. Et hu sech an der Ënneschter Trias Bundsandsteen a schliisslech Schichten aus Gips an Dolomit an der Mëttlerer Trias forméiert.

Fréiere Gipsgrouwenagank
Vergréisseren
Fréiere Gipsgrouwenagank

Um Strombierg ass an den 1920er Joren ënnert dem Schengener Jean Beissel mam Ofbau vu Gips ugefaang ginn. Am Joer 1932 hunn d'Gebridder Knauf, wéinst der gudder Gipsqualitéit, Gipsgrouf um Strombierg iwwerholl, nodeems si sech am Harz Gipsbréch ugekuckt haten. Fir si war d'Iwwerhuelung den Ufank vun enger erfollegräicher Firmegeschicht. An där Zäit hunn 20-30 Leit an zwou Schichten à aacht Stonnen am Strombierg geschafft. D'Aarbechter hunn an de Galerie Lächer gebuert an dës mat Sprengstoff gefëllt. No der Sprengung sinn d'Gipsbätz da per Hand a Weenercher gelueden an aus de Galerie gedréckt ginn, gewien a per Bremsbierg mat gréissere Weenercher an d'Dall transportéiert ginn. Mat Camion oder Schëff huet een d'Gipsbätz op déi aner Säit vun der Musel bruecht an zu Pärel am Kallekwierk weiderverschafft. Am Zweete Weltkrich war de Gipsofbau zäitweis ënnerbrach, während 1944 d'Schengener Awunner an de broochleiende Galerien dacks Schutz gesicht hunn. No Krichsenn ass d'Firma Ciments Luxembourgeois mat der Exploitatioun bis 1953 weidergefuer.

Duerch de Gipsofbau ervirgeruff, ass ufanks den 1950er Joren de ganzen Osthank vum Strombierg un d'Rutsche komm. D'Äerdrutschung huet gréisser Schied un Natur an Infrastrukturen hannerlooss an de Gipsofbau schliisslech onméiglech gemaach. An der Tëschenzäit huet d'Natur de Strombierg mat den neien entstanene schützenswäerte Liewensraim nees zréckeruewert. D'Gebitt ass schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 20. Abrëll 1993 mat 29,20 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

[Änneren] Ökologie

Wéinst senger Lag um Bord vum klimatesch begënschtegtem Museldall an de kallekhaltege Biedem ergi sech um Strombierg ideal Counditioune fir eng aarteräich Natur. Besonnesch déi rar Moos- a Farflora an déi räichhalteg Vullewelt mat 58 verschiddenen Aarte wéi Uhu (Bubo bubo), Kleng Bëschdauf (Columba oenas) a Grospiecht (Pinus canus), déi observéiert gi sinn, stiechen um Strombierg ervir.

Der natierlecher Verwitterung ausgesat an duerch den ënnerierdesche Gipsofbau begënschtegt, hu sech am Laf vun der Zäit Gestengsbléck aus der dominanter Dolomitfielswand am Osthank lassgeléisst an um Fouss vun dëser ugesammelt. Op dësen instabile Buedemverhältnisser mat nëmme wéineg Feinbuedemundeel huet sech e Lannen-Ahorn-Schiethankbësch entwéckelt. Dës schützenswäert, klengflächeg Bëschgesellschaft setzt sech an der Bamschicht aus der Lann (Tilia platyphyllos) an dem Kräizholz (Acer campestre), ëmgi vu jonkem Routholz (Ulmus glabra), zesummen. D'Traischschicht gëtt ënnert anerem vun der Rouder Kréischel (Ribes rubrum) an dem Kierelter (Cornus mas) geprägt, während d'Krautschicht aus engem dichtem Teppech aus Moosen a Wantergréngs (Hedera helix) mat gréisser Pitsch vun Hirschzong (Phyllistis scolopendrium) an anere Faraarten tëscht dem Geröll dominéiert gëtt. D'Dolomitfielsen, Gestengsbléck an zum Deel Beemstämm si vun enger üppeger Moossichicht bedeckt. Weider ënnert der Fielswand, do wou d'Gefäll ofhëlt an de renge Buedemundeel zouhëlt, huet sech en nährstoffräiche Buedem iwwer d'Zäit forméiert, dee vun engem Perlgras-Bichebësch, an deem d'Bich (Fagus sylvatica) virherrscht, bewuess gëtt.

Iwwert der Fielswand um Plateau vum Strombierg dominéiert eng thermophile Vegetatioun. Déi dicht Gehölzbestänn an deenen ënnert anerem den Holzapel (Malus sylvestris) an d'Klematis (Clematis vitalba) virkommen, sinn duerch déi natierlech Entwéckelung aus aarteräichen Hallefdréchewisen ervirgaang, déi nach bis an d'1980er Joren oppe waren. Duerch Zouwuesse vun dëse Wisen hunn zum Beispill d'Melitaea phoebe an d'Ephippiger ephippiger hire Liewensraum verluer. D'Hallefdréchewisen hirersäits sinn aus Akerflächen entstan, déi an der Mëtt vum 20. Joerhonnert hu missten deelweis opgi ginn, nodeems agestierzte Gipsgalerien déif Spécken um Plateau verursaacht hunn.

[Änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad
Vergréisseren
Panneau vum Léierpad

Am Joer 2005 ass vum Ëmweltministère an der Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mam Service Géologique, dem Service des Sites et Monuments Nationaux an der Gemeng Rëmerschen e Léierpad amenagéiert ginn. Mat Depart ënnert der Muselbréck zu Schengen ass de 4,5 km laange Pad an zwou Schläifen opgedeelt a mat 23 Panneauen iwwer verschidden Aspekter vum Naturschutz, dem fréierem Gipsofbau an iwwer déi landschaftlech, geologesch a kulturhistoresch Besonneschkeete beräichert. Den nërdleche Circuit (2 km) féiert duerch Schengen an d'Wäibaugebitt Markusbierg, während de südleche Circuit (3,2 km) duerch Naturschutzgebitt verleeft.

[Änneren] Referenzen

  • Depliant: Waldentdeckungspfad Strombierg/Sentier de découverte Strombierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, Service Géologique, Service Sites et Monuments Nationaux, 2005.
  • Panneauen um Entdeckungspad
  • Gipsgrube Stromberg Schengen

[Änneren] Kuckt och

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com