Nadine Bichler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Nadine Bichler, gebuer 1968 zu Letzebuerg ass eng lëtzebuergesch Saxophonistin.
Am Alter vun 10 Joer huet Nadine Bichler sech um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ageschriwwe fir Solfège a Saxophon an der Klass vum Här Goethals. Hir Studien huet si 1993 mat engem Prix Supérieur au Saxophone en Musique de Chambre 1995.
D'Nadine Bichler huet eng Ausbildung zur Infirmière gemaach an huet als Infirmière anésthesiste am Centre Hospitalier geschafft.
Niewend hirer ustrengender Aarbecht huet d'Nadine Bichler um Conservatoire Royal de Musique zu Léck sech um Saxophone weidergebilt. An de Klasse vum Här Albert Thyssens an dem Här Philippe Leblanc an huet de Premier Supérieur au Conservatoire de Liège.
Fir hir Formatioun mat Brio ofzeschléissen huet si sech um Conservatoire vu Maastricht beim Professeur Adri Van Velsen ageschriwwen.
Während dëser Period war si Member mam Saxopone Sopran am Quatuor de Saxophones du Conservatoire de Maastricht.
1996 huet Nadine Bichler de Premier Prix Supérieur Interrégional en Musique de Chambre zougesprach kritt. Si huet sech nach bei de Professere François Daneels vu Bréissel, Claude Delangle vu Paräis, Iwan Roth vu Basel, Serge Bichon vu Lyon an Arno Bornekamp vun Amsterdam weider perfektionéiert.
Hire Répertoire betrëfft ënnert aneren: Wierker vun Glazounov, Harvey, Debussy. Si ass perfektionéiert um Saxophon alto a sopran.
Si ass chargée de cours an der Musikschoul zu Iechternach, a setzt hir Talenter als Dirigent bei der Harmonie vu Biwer an.
Elo perfektionnéiert d'Nadine Bichler hir Studien mat der Fagott.