Mont-devant-Sassey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mont-devant-Sassey | |
---|---|
Land | Frankräich |
Gemeng | Mont-devant-Sassey |
Regioun | Loutrengen |
Département | Meuse |
Arrondissement | Verdun |
Kanton | Dun-sur-Meuse |
Code INSEE | 55345 |
Code postal | 55110 |
Buergermeeschter Mandat |
?
|
Intercommunalitéit | keng |
Koordinaten | 05° 10' 03" ëstlech a 49° 24' 41" nërdlech |
Fläch | 822 ha |
Awunner | 125 |
Bevëlkerungsdicht | 15 Awunner /km² |
Mont-devant-Sassey (55345), ass eng kleng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Loutrengen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographesches
Mont-devant-Sassey läit 49° 24' 41" nërdlech an 05° 10' 03" ëstlech an ass 8,22 km² grouss.
[Änneren] Awunner
- 1990: 118 (INSEE)
- 1999: 127 (INSEE)
[Änneren] Duerfliewen
Et fiert kee Bus op Mont-devant-Sassey. Eeler Leit, déi keen Auto hunn, sinn op Noperen ugwisen. All Dag kënnt e Bäcker laanscht an all Woch eng Epicerie op Rieder. Déi vun der aler Souche ginn ëmmer méi seelen, et bleiwen der just e Grapp voll. Bäigepraffter sinn zu engem opfälleg froussen Deel aus England a aus Holland, déi do hir Pensiounszäit liewen. Dowéinst sinn d'Präisser vun den Haiser natierlech staark an d'Luucht gaangen.
All Joer gëtt en Duerffest uewe bei der Kierch gefeiert.
Am Duerf ass och kee Bistro méi; dat dréit mat dozou bäi, datt sozial Kontakter méi schwéier ginn.
[Änneren] Kierch
Mont-devant-Sassey ass besonnesch bekannt wéinst der Kierch Notre Dame, bei deeër de Bau an d'eeleft Joerhonnert zréckgeet, an déi zënter 1869 Monument Historique klasséiert ass.