Maschinnebau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maschinnebau befaasst sech mat dem Entworf an der Hierstellung vun alle méiglechen Zorte Maschinnen. Op Basis vun eenzelnen einfachen Elementer ginn dobäi Anlage vu gréisster Komplexitéit wéi Produktiounsstroossen a ganz Fabriken entwéckelt, gebaut a bedriwwen.
Maschinnebau ass duerch seng Kombinatioun vu Grondlagefuerschung an Entwécklung vu Produktiounsmethoden en typescht Fach vun der Technik. E setzt physikalesch Gesetzméissegkeeten, besonnesch aus den Deelgebidder Mechanik an Thermodynamik, fir d'Konstruktioun an d'Simulatioun vun techneschen Anlagen an.
Well d'Automatiséirung ëmmer méi zouhëlt, ginn technesch Anlagen hautdesdaags mat enger komplexer Mooss- a Steierungs- bzw. Regelungstechnik ausstafféiert.
D'Konstruktiounsléier beschäftegt sech mat den Ziler a Methoden, déi e Maschinnebau-Ingenieur bei der Konstruktioun vun techneschen Anlagen respektéiere muss. Mëttlerweil ginn déi technesch Anlage mat Hëllef vu CAD-Programmer um Computer entworf. Esou kann ee CAD-Dateie kreeéieren, déi duerno an enger Simulatioun getest a schliisslech vun enger CNC-Maschinn realiséiert ginn.
Deelgebidder vum Maschinnebau sinn:
- Automatiséirungstechnik (cf. Robotertechnik)
- Beweegungstechnik an
- Antriebstechnik
- Energietechnik (cf. Energie)
- Gefierbau
- Fligerbau
- Schëffbau
- Konstruktiounstechnik
- Plastiktechnik
- Maschinnendynamik
- Materialflosstechnik
- Fërdertechnik
- Lagertechnik
- Mechatronik
- Medezintechnik
- Motorentechnik (cf. Motor a Verbrennungsmotor)
- Produktiounstechnik
- Textiltechnik bzw. Textilmaschinnebau
- Verpakungstechnik
- Verkéierstechnik
- Methodentechnik a Prozesstechnik
- Entwécklung a Bau vu Wäermt- a Waasserkraaftmaschinnen.
- Wierkstofftechnik