Maria Schell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Maria Schell (* 15. Januar 1926 zu Wien; † 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten; eigentlech Margarete Schell) war eng Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin. Sie war eng vun deene gréisste Stare vum däitschen Nokrichsfilm.
Hir éischt Haaptroll hat si 1949 am Film Der Engel mit der Posaune. Duerno koume Filmer mam Dieter Borsche a mam O. W. Fischer, mat deem si souzesoen d'Traumpaar vum däitsche Film vun den 1950er Jore war. Die letzte Brücke ënnert der Regie vum Helmut Käutner huet hir 1954 d'Gëlle Palm op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes an och den internationalen Duerchbroch abruecht.
Am Tatort-Krimi Heilig Blut vum WDR war d'Maria Schell am Januar 1996 an der Roll vun enger Äbtissin ze gesinn. Fir d'lescht virun enger Kamera war si 2002 am Dokumentarfilm Meine Schwester Maria, deen hire Brudder Maximilian iwwert si gedréit huet. Allen zwee kruten se dofir e Bambi.
D'Schell huet an hire leschte Joren un Demenz gelidden a ganz zeréckgezunn zu Kärnten an den éisträicheschen Alpe gewunnt. Am Abrëll 2005 ass si un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.