Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Manfred Rommel - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Manfred Rommel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Manfred Rommel am September 2004 zu Stuttgart
Vergréisseren
De Manfred Rommel am September 2004 zu Stuttgart

De Manfred Rommel (* 24. Dezember 1928 zu Stuttgart) ass en däitsche Politiker (CDU), dee vun 1974 bis 1996 Uewerbuergermeeschter vu Stuttgart war.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Heen ass dat eenzegt Kand vum Zweete Weltkrichs-Generolfeldmarschall Erwin Rommel a senger Fra Lucie Maria Mollin. No der Vergëftung vu sengem Papp ass de Manfred Rommel aus der Wehrmacht desertéiert an ass bäi déi Éischt Franséisch Arméi vum Maréchal de Lattre de Tassigny geflücht, deen en als Iwwersetzer akkzeptéiert huet.

1947 huet de Manfred Rommel säin Abitur zu Biberach an der Riß gemaach an duerno Droit zu Tübingen studéiert. 1956 krut e seng éischt Plaz an der Landesverwaltung, wou en 1959 Regierungsrot an dunn perséinleche Referent vum deemolegen Inneminister Hans Filbinger gouf. 1971 ass en als Ministerialdirektor an de Finanzministère gewiesselt an ass do spéider Staatssekretär ginn.

1974 ass en als Nofolger vum Arnulf Klett zum Uewerbuergermeeschter vun der Stad Stuttgart gewielt an 1982 an 1990 all Kéiers mat méi wéi zwee Drëttel vun de Stëmmen op dee Posten erëmgewielt ginn. Säin Nofolger ass 1996 säi fréiere perséinleche Referent Wolfgang Schuster (CDU) ginn.

Och an der Pensioun ass de Manfred Rommel nach ëmmer e beléifte Riedner a gefroten Auteur.

Op sech opmierksam gemaach huet en och wéi en et erlaabt huet, datt déi RAF-Memberen, déi sech am Prisong ëmbruecht haten, zesummen zu Stuttgart begruewe konnte ginn, obwuel vill Stëmme gefoart haten, datt esou e Graf zum Wallfahrtsuert fir sozialistesch Aktiviste kéint ginn.

[Änneren] Auszeechnungen

  • President vun der Freiherr-vom-Stein-Gesellschaft
  • Uerde vum Groussoffizéier am Uerde vun Oranien-Nassau (1982)
  • Éiresenator vun der Fachhéichschoul fir Technik zu Stuttgart (1982)
  • Éirendoktor vun der University of Missouri-St. Louis (1983),
    der Maryland University an
    der University of Wales
  • Ritter vun der Éirelegioun vun der Franséischer Republik (1985)
  • Guardian of Jerusalem (1987)
  • Commander of the Order of the British Empire (1990)
  • Verdéngschtgielche vum Land Baden-Württemberg
  • Theodor-Heuss-Gielchen
  • General-Clay-Gielchen
  • Dolf Sternberger-Präis
  • Karry Präis
  • Grousst Verdingschtkräiz mat Stär a Schëllerband vum Verdéngschtuerde vun der Bundesrepublik Däitschland

[Änneren] Auswiel vu senge Wierker

Ausserdeem Sammlunge vu senge Sprëch, Gedichter a Witzen, erausgi vum Frank-Ulrich Planitz.

[Änneren] Literatur

  • Rudel, Horst a Borgmann, Thomas: Manfred Rommel - Bilder einer Ära, DRW-Verlag, 2000, ISBN 3871814563

[Änneren] Spawecklinks

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com