Linguistesch Symboler an Ofkierzungen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Linguistesch Symboler an Ofkierzungen ginn a linguisteschen Texter gebraucht. Heiansdo gesäit een do Wierder oder Buschstawen a verschidde Klammeren. Hei d'Bedeitungen:
- /Slashen/: d'Wuert oder de Laut gëtt phonologesch ausgedréckt, also wéi een et ausschwätzt.
- [Eckeg Klammeren]: d'Wuert oder de Laut gëtt phonetesch ausgedréckt, wat nach méi genau ass wéi phonologesch; phonetesch Transkiptioune si méi reng.
- <Guillemeten>: d'Wuert oder de Laut gëtt graphemesch ausgedréckt, also wéi et geschriwwe gëtt, wéi ënner anerem an enger Schreifweis.
Zum Beispill:
- Franséisch <coup> ass phonetesch /ku/
- Lëtzebuergesch <Schung> ass phonetesch /SuN/
- Englesch <hire> ass phonetesch /haI@/
Wat d'phonetesch Transkriptioun ubelaangt, do gëtt un d'Phonetik verwisen, a méi genau un d'Internationalt Phonetescht Alphabet (IPA), an dem IPA seng 'online' Versioun X-SAMPA, déi och an dëser Wikipedia benotzt gëtt.