Li (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Li-Floss, och Lijiang genannt, ass eng chineesësch Touristenattraktioun, mat dat schéinst, wat d'Vollekrepublik China ze bidden huet.
De Li ass en 100 km laange Floss dee op enger Längt vun 83 km vu Guilin aus bis Yangshuo mat Schëffer fir Touristen befuer gëtt. D'Visiteuren kënnen hei eng aussergewéinlech Lanschaft bewonneren, eng exotesch Landschaft wéi aus engem Märchenbuch, déi et soss an der Welt néierens gët. Zu den zwou Säiten vum Li-Floss wuessen Kalleksbierger, déi meechtens eng ofgeflaacht spatz Form hunn, gewëssermossen an den Himmel. Well dëse Kalleksteen (dt.:Karst) brëcheg ass a sech zersetzt, hunn sech do vill Hielen oder aner komesch Hiwwelen a Formatiounen gebild, déi all kuckeswäert si. Vill chineesesch Moler hu sech vu dëse Landschaftsbiller inspiréieren geloss. Et fënt een des Landschaften och op chneesëschen Seidebiller rëm.
Wat eng Fahrt um Li iewer besonnesch interessant mëcht, ass d'Geleeëheet, déi een huet, fir de Chinesen op de béiden Uferen nozekucken, wéi se liewen, wéi se hiren Aker bebauen, wéi se schaffen, wéi se fëschen ginn, an dann op selwer gebauten Flëss mat hieren stréienen Kierf bei d'Schëffer kommen, fir hinnen hir Fësch ze verkafen. Des Schëffart hält meeschtens bei Yangshuo op, enger klenger Touristenuertschaft, wou en Souveniren ze kafe kritt an e Vëlo ka lounen, fir op d'Land rauszefueren.
Inhaltsverzeechnes |