Lex Jacoby
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lex Jacoby (Alex Jacoby) ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen den 28. Februar 1930 zu Jonglënster gebuer gouf. Hie lieft haut zu Bäreldeng.
De Lex Jacoby war e groussen Deel vu sengem Liewen zu Klierf Schoulmeeschter. Zënter 1951 huet hien op ville Plazen literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an de Nos cahiers. Hien huet De Cliärrwer Kanton erausginn, deen 2004 seng 25 Joer feiert.
1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. Scho fréi fanne sech déi spéider weiderentwéckelt Themen, d'Joreszäiten an d'Natur. No zwee Gedichtsbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.
[Änneren] Bicher
- Die Sehnsucht des Schamanen, Gedichter an Erzielungen, 1952
- Der Fremde, Erzielung, 1954
- Le Pavot Blanc, Gedichter, 1962
- Luxemburg, Texter fir a Bildband, 1963
- Der Grenzstein, Feuilletons, 1963
- Nachts gehen die Fische an Land, Erzielung, 1980
- Logbuch der Arche, Roman, 1988
- Der fromme Staub der Feldwege, Erzielung, 1990
- Spanien heiter bis wolkig, Dagbuch, 1994
- Wasserzeichen, Erzielungen, 1995
- Remis in der Provence
- Wie nicht ganz schwarzer KOHLENSTEIN, Roman, 2001
- Die Deponie, Roman, 2006, Éditions St. Paul. 304 Säiten, gedréckt op recykléiertem Pabeier
[Änneren] Theater
- Op der Kopleschter Hèd, Volleksstëck an 3 Akten, vum Willy Fléner a Lex Jacoby (1954)
[Änneren] Texter
- Das Herz von Kopstal - Nos cahiers 3/4 (2003) (Kanton Capellen)
[Änneren] Literaturpräisser
- Lëtzebuerger Literaturpräis 1957 fir Der Fremde
- Prix Servais 1996 fir Wasserzeichen