Laurent Menager
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Laurent (oder Lorenz) Menager, gebuer den 10. Januar 1835 am Pafendall, gestuerwen och do de 7. Februar 1902, war e lëtzebuergesche Musekpädagog a Komponist. De Laurent Menager gët allgemeng als Nationalkomponist bezeechent. Wéi en de 10. Februar 1902 begruewe gouf, hu 6.000 Leit hien um leschte Gang begleet an de Staatsminister Eyschen huet d'Grafried gehal.
[Änneren] Formatioun
- 1847-1854: Studium um Athenäum mat Ofschlossexamen, kritt zu gläicher Zäit Privatstonne fir Gei, Piano, Cello an Harmonie. Hien trëtt deemools schonn op als Chouerdirigent.
- 1855-1856: Studium op der Kölner Musekhéichschoul.
- Hierscht 1856: Hie gëtt mat Coursen op der Musekschoul vu der Stad Lëtzebuerg chargéiert
- 1859-1860: De Laurent Menager geet rëm zeréck op d'Kölner Musekhéichschoul
- No 1860: Hien fänkt seng musekpädagogesch Funktiounen zu Lëtzebuerg nees un.
[Änneren] Säi Wierk
- Kierchemusek
- Orchesterwierker
- Lidder a Wierker fir Chéier:
- Margréitchen Lauschtert
- De Lëtzebuerger Greechen
- Déi schéinste Blumm
- Eng Tréin
- Aus der Kannerzäit
- ....
- Operetten:
- Den Här an d'Madame Tullepant
- Den Här President
- En ass rosen
- De scheie Jong
- ---
[Änneren] Literatur
- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1984.
- Biltgen, François: Laurent Menager (Urgrousspapp vum François Biltgen) et les origines du sentiment national luxembourgeois, Nos Cahiers, 1985.
Biltgen, François: Laurent Menager - Né et mort au Pfaffenthal, Nos cahiers : Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur. - Lëtzebuerg - Joër 23(2002), n° 4, p. 7-30, ill.
- Kowalsky, Alfred: Erinnerungen an Lorenz Menager, Centenaire du Sang a Klang, 1932