La Gomera
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
La Gomera ass di zweetklengsten Insel vun de Kanaren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
La Gomera huet eng Fläch vun 378 km² a läit tëscht La Palma, El Hierro an Teneriffa. D'Form ass bal ronn an hiren Duerchmiesser vun der westlecher Spëtz (Punta de la Calera) bis un di ëstlech Spëtz (Punto de San Cristóbal) huet ca. 25 km. Zwëschen dem nërdlechste Punkt (Punta de los Órganos) an der Südspëtz (Punta del Becerro) leien 22 km. Den héchste Punkt op der Insel ass de Bierg Pico Alto de Garajonay, denn 1.487 m héich ass. Di ganz Längt vun der Küst huet 90 km.
[Änneren] Gemengen zu La Gomera
- Agulo
- Alajeró
- Hermigua
- San Sebastián de la Gomera
- Valle Gran Rey
- Vallehermoso
[Änneren] Geschicht
La Gomera gouf schonn an de Joeren 90 bis 168 vu klassechen Auteuren wéi dem Ptolomäus ernimmt. Am 12. Joerhonnert gouf d'Insel vun enger Expedition besicht déi vum Alfonso de Benigono vun Aragón geschéckt gouf. 1404 gouf La Gomera bei engem kastilesche Feldzuch erobert a vun 1445 un vu verschiddenen Generatiounen vun enger Famill regéiert, wouvunn deen éischten den Hernán Peraza war.
[Änneren] Fauna a Flora
[Änneren] Kultur a Kuckeswäertes
De Garajonay-Nationalpark steet op der UNESCO-Lëscht vun der Weltnaturierfschaft.