Kolymabierger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Kolymabierger fanne sech ganz hannen am Nordoste vu Russland (Asien). Si sinn ongeféier 900 km laang a bis zu 1.962 m héich.
Am Norde grenze si als Deel vum ostsibiresche Biergland un d’Anjuisbierger an am Nordosten un den Anadyrplateau. Am Oste gi se iwwert e puer Héichlandgebidder no an no an d’Korjakebierger iwwer an am Südosten a Süde fale se zum Ochotskesche Mier of. Am Weste kommen iwwert d’Dall vun der Kolyma d’Werchojansker Bierger derbäi an am Südwesten d’Tscherskibierger. Am Nordweste grenzen d’Kolymabierger iwwert e puer dorunner ugeschlossen Héichlänner un de Jukagireplateau. An de Kolymabierger fënnt sech och d’Quell vun der Omolon.
Dës Bierger si knapps oder guer net bewunnt, mat enger eenzeger Ausnam: un den zwee Ufere vun der Kolyma gouf (a gëtt) no Gold gegruewen - suwuel "iwwer Dag" wéi och "ënner Dag"; méi dozou kann een ënnert Goldrausch un der Kolyma noliesen.