Jengy Schmit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jengy Schmit ass e lëtzebuergesche Vëlosportler. Hien ass den 9. August 1931 zu Diddeleng gebuer.
De Jengy Schmit ass an de Joren 1953, 1954 a 1956 den Tour de France gefuer. Hien huet sech 1953 als 72. klasséiert. 1954 a 1956 huet en all Kéier an der 11. Etapp opginn.
[Änneren] Palmarès
- 1955: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1956: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1956: 8. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 1957: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1957: 9. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 1958: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1958: 7. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 1959: 5. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 1960: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1961: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1963: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
- 1965: Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross