Jean-Pierre Koltz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz (27. Mee 1909 zu Frankfurt am Main - 6. Februar 1989 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergeschen Historiker.
Dem Jemmy Koltz säin Haaptfuerschungsthema (a seng Passioun) war d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg. Hien huet dofir d'Archiver an d'Pläng studéiert, déi doruchter an Europa, ë.a. an den Haaptstied vun deenen, déi eng Zäit laang Här a Meeschter an der Festung waren, verspreet sinn. Hien huet Deeler vun de Kasematten esou an d'Rei sëtze gelooss, dassen se vum Public konnte besicht ginn.
De Jemmy Koltz war President vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Lëtzebuerg a vun der Commission des Sites et Monuments. Säin Asaz huet och der Restauratioun vu verschiidene Buergen a Schlässer gegollt, besonnesch dem Deel-Neesopbau vum Veianer Schlass, dat zënter dem 19. Joerhonnert just nach eng Ruin war. Hie war dann och éischte Vizepresident vun de Frënn vum Veiner Schlooss.
Hien huet dann och eng Hellewull Aarbechten iwwert d'Festung Lëtzebuerg a verschidde Buergen a Schlässer publizéiert.
[Änneren] Wierker
(Auswiel)
- "Les travaux de Vauban à Luxembourg", in: Luxembourg et Vauban : exposition organisée à la Villa Vauban du 27 novembre au 23 décembre 1984.
- "Die geschichtlichen Verbindungen zwischen Luxemburg und Trier" in: Jahrbuch/ Kreis Trier-Saarburg, 1981-1983.
- Burgen in Luxemburg, 1974.
- Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg, 1967-1972.
- Nouvelle monographie du Château-palais de Vianden, 1972.
- Étude sur l’histoire de l’industrie du fer et sur le marché commun du charbon et de l’acier dans le bassin mosellan : publiée à l’occasion de l’inauguration du Port de Mertert,1966.
- Luxembourg, Ville millénaire, 1963.
- Rückblick auf die Entwicklung des Coiffeur-Gewerbes, 1952
- Die Archive der Festung Luxemburg : (Mit grossem Lageplan) : Band 1: Wien, Berlin, Luxemburg, Franfurt, 1934