Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
International Atomenergie Agence - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

International Atomenergie Agence

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Fändel vun der IAEA
Vergréisseren
Fändel vun der IAEA

D'International Atomenergie Agence (fr: Agence Internationale de l'énergie atomique (AIEA) / en: International Atomic Energy Agency (IAEA) ass eng spezialiséiert Agence vun de Vereenten Natiounen a gouf den 29. Juli 1957 mat Sëtz zu Wien gegrënnt. D'Organisatioun engagéiert sech fir den zivile Gebrauch vun der Atomenergie a setzt sech dofir an d'Entwécklung, d'Verbreedung an de Mëssbrauch vu Nuklearmaterial fir militäresch Zwecker ze limitéieren.

D'IAEA ass als reng wëssenschaftlech-technesch Organisatioun an hirer Aarbecht zwar autonom, huet awer selwer kee Weisungsrecht an ass doduerch op d'Decisioune vum UNO-Sécherheetsrot ugewisen.

2005 krut d'IAEA zesumme mat hirem aktuellem Generaldirekter, dem Mohamed ElBaradei de Friddensnobelpräis.

[Änneren] Geschicht

Den 8. Dezember 1953 proposéiert den deemolegen US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower am Kader vun enger Ried mam Titel Atoms for Peace virun der UNO-Generalversammlung d'Grënnung vun enger politesch onofhängeger Agence déi dofir zoustänneg sollt sinn den internationale Gebrauch vun nuklearem Material z'iwwerwaachen.

D'IAEA gouf den 29. Juli 1957 offiziell gegrënnt, war awer bis zu der Kubakris 1962 an hirer Aarbecht praktesch bedeitungslos well weder d'USA nach d'Sowjetunioun Intérêt drun haten sech an hirer Nuklearstrategie an d'Kaarte kucken ze loossen.

1968 gëtt den Traité géint d'Proliferatioun vun Nuklearwaffen (Nuclear Non-Proliferation Treaty) ratifizéiert an d'IAEA als eenzeg legitim a responsabel Kontrollinstanz désignéiert.

D'Pëtrolskris an de siwwenzeger Joer féiert dozou datt a ville Länner drop an dawidder Atomzentralen opgeriicht ginn an d'Nuklearenergie ganz allgemeng als Léisung vun allen zukënftegen Energieproblemer gefeiert gëtt. D'Memberszuel vun der IAEA klemmt a proportional dozou geet och d'Zuel vun de regelméissege Kontrollen déi ze maache sinn an d'Luucht.

D'Vertrauen an d'Atomenergie kritt 1979 mam Accident vu Three Mile Island, spéitstens awer 1986 mat der Katastrof vun Tschernobyl eng ferm op den Deckel. D'IAEA intensivéiert dorops hinn hir Sécherheetskontrollen.

Mat der Entdeckung vum irakeschen Nuklearprogramm am Joer 1991, kritt d'IAEA méi Moyene vun der internationaler Communautéit zougesot. Zënterhier ass et der Agence och méiglech -de Fall gesat si krut d'Erlaabnes- a Länner déi selwer net Member sinn Nuklearprojeten z'iwwerwaachen.

2003, kuerz virum Drëtte Golfkrich, hunn d'IAEA an hiren deemolege Generaldirekter Hans Blix eng zentral Roll an der internationaler Kontrovers em d'eventuell Existenz vu Massevernichtungswaffen am Irak gespillt.

[Änneren] Organisatioun

D'IAEA huet hiren Haaptsëtz zu Wien an Éisträich. Regional Bureaue ginn et zu Genève (Schwäiz), New York (USA), Toronto (Kanada) an Tokio (Japan). Zu Seibersdorf an Éisträich huet d'Agence en eegenen nukeleartechnesche Laboratoire ageriicht.

An der IAEA sinn am Ament 139 Länner vertrueden (2006). Et sinn och d'Memberen déi fir de Budget vun der Organisatioun opkommen.

Wichtegst Organer vun der Agence sinn d'Generalkonferenz, de Gouverneursrot (Board of Governors) an d'Sekreteriat. D'Organisatioun huet eng 2200 Mataarbechter, dovu Ronn 350 an der Funktioun vun Inspekteren.

D'IAEA rapportéiert regelméisseg dem Sécherheetsrot an der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen.

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com