Iechternacher Séi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Iechternacher Séi | |
---|---|
Informatiounen | |
Numm: | Iechternacher Séi |
Lag: | Iechternach |
Fläch | 0,35 km² |
maximal Längt: | ? km |
maximal Breet: | ? km |
maximal Déift: | ? m |
Héicht iwwert/ënnert NN: | ? m |
Gréisser Uertschaft(en): | Iechternach |
Den Iechternacher Séi ass e kënschtleche Séi, dee südwestlech vun der Stad Iechternach, um Fouss vum Bësch Haard, tëschent de lieux-dits Schwaarzuecht a Lëschen, Enn der 1970er Joeren ugeluecht gouf.
Déi zoustänneg Autoritéite wollten domatter d'Offer u Fräizäitméiglechkeete fir d'Touriste méi grouss maachen. Polemesch ass bis haut, dass d'Lëschenhaus (deemools Loeschenhaus geschriwwen), e Barockgebai vu 1676, de 17. Mee 1977 op Uerder vum Buergermeeschter Robert Schaffner ofgerappt gouf, well en net an d'Konzept gepasst huet: Eng "Pirateninsel" ass dofir op deeër Plaz ugeluecht ginn.
Och d'Iwwerreschter vun der Réimervilla, déi bei de Planéierungsaarbechte fräigeluecht goufen, ware bal d'Affer vum Bagger ginn; hir Zerstéierung kunnt awer verhënnert ginn.