Hugo Grotius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hugo de Groot genannt Grotius gebuer den 10. Abrëll 1583 zu Delft, a gestuerwen den 28. August 1645 zu Rostock, war en hollännesche politesche Philosoph, Theolog, Historiograph a Jurist.
De Grotius gëllt als ee vun den intellektuelle Pappe vum Souverainitéitsgedanken, vun der Naturrechtsléier a vum Vëlkerrecht.
Vu 1603 un, war de Grotius hollänneschen Historiograph, a vu 1613-1619 Conseiller vun der Stad Rotterdam.
Hie gouf 1619 wéinst senger arminianistescher Astellung zu liewenslaangem Prisong verurteelt, konnt sech awer no Frankräich duerch Bascht maachen a gouf do vum Louis XIII. protégéiert. Dësen huet hie vu 1634 un als Ambassadeur fir Frankräich a Schweden geschéckt.
Hien ass den Auteur vun De juri belli ac pacis' (1625) wat als Internationale Rechtscode gëlle kann.