Hugo Gernsback
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hugo Gernsback (*16. August 1884 an der Stad Lëtzebuerg als Hugo Gernsbacher; †19. August 1967 zu New York) wor en Erfinder, Schrëftsteller an Editeur. Hie gëllt als Papp vum moderne Science-fiction-Roman.
[Änneren] Säi Liewen
Nodeems den Hugo Gernsbacher tëschent 1900 an 1903 zu Bingen fir Ingenieur geléiert huet, mécht hie sech 1904, matt just 100 Dollar an der Täsch, op de Wee an Amerika, fir do eng nei Zort Batterie, déi e grad erfonnt hat, ze kommerzialiséieren. Dat geléngt him, an déi Joren drop beschäftegt hie sech matt dem nach neie Phenomeen vun de Radioswellen. Hien erfënnt en Apparat fir Funksignaler kënnen z'empfänken an auszestrahlen, a grënnt doruechter Klibb vu Radios-Amateuren.
1908 gëtt hien d’Zäitschrëft ‚"Modern Electrics" eraus, eng populärwëssenschaftlech Illustréiert fir Technik-begeeschtert Leit. Geschwë kommen nach aner Zäitschrëften no, déi de Leit nei technesch Ëntwécklunge méi no sollte bréngen.
1911 publizéiert en, ënnert dem 'amerikaniséierten' Numm Gernsback, de Roman "Ralph 124C 41+: A Romance of the Year 2660". Dësen ass net grad héich Literatur, mee bestécht duerch eng ganz Rëtsch Iddië vun Apparater, déi eréischt Joeren dono erfonnt sollte ginn, wéi z.B. de Radar, d’Ofspäichere vun Informatiounen op magnéitesche Supportën, de Billertelefon, de Microfilm, asw.
1926 bréngt de Gernsback d’Zäitschrëft "Amazing Stories" eraus, déi sech als éischt matt soss näischt ewéi "scientific fiction", wéi et deemools nach housch, beschäftege sollt. 1929, nodeems en den Titel huet misse verkafen, ass et dann um Tour vun der Zäitschreft "Science wonder stories".
Hien huet séng lëtzebuergesch Originnen net vergiess: a senge Geschichten dauche regelméisseg Leit op, déi als Familliennimm e Numm vu lëtzebuergeschen Uertschaften oder Flëss droen. 1953 gëtt den Hugo Gernsback zum Officier de l’Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne ernannt. No him benannt ass den "Hugo Award", e Präis, deen d’International Science Fiction League all Joers fier dee beschte Science-fiction-Roman vergëtt.
Den Hugo Gernsback war dräimol bestued: Fier d’éischt mam Rose Harvey (1906), du mam Dorothy Kantrowitz (1921), an zur gudder Lescht mam Mary Hancher (1951).
Bis zu séngem Doud, 1967 zu New York, hat en 80 Patenter ugemellt.
[Änneren] Literatur zum Thema
- LESCH Paul, MULLER Jean-Claude, "Hugo Gernsback: le 'père de la science-fiction moderne'", in: Lëtzebuerger Almanach ’89, 356-369.