Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Henri Tudor - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Henri Tudor

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Henri Owen Tudor (* 30. September 1859 um Diesburgshaff bei Iechternach, + 31. Mee 1928) war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Erfinder vum éischte brauchbare Bläiakkumulator.

Den Henri Tudor, Jong vum John Thomas Tudor an dem Marie Loser, huet säi Lycée zu Chimay gemaach, an dono, vun 1879 bis 1883 zu Bréissel op der Ecole polytechnique fir Ingenieur studéiert. Während senge Studien huet hie sech scho fir Elektrik intresséiert, besonnesch fir alles wat mat elektrescher Beliichtung a Stroumproduktioun ze dinn huet, an huet um Gebitt vun elektreschen Akkumulatoren gefuerscht. 1882, hie war nach Student, ass et him gelongen déi éischt Gläichstroumanlag opzeriichten. D'Akkumulatoren, déi en entwéckelt huet, an déi hir Energie vun engem Dynamo hirkruten, dee vun der Rousperter Waassermille bedriwwe gouf, hunn 16 Joer an engem Stéck fonctionnéiert. D'Tudors-Schlass war dann och ee vun deenen éischten Haiser an Europa, dat ronderem d'Auer elektresch Lut hat. 1886 huet den Tudor seng Erfindung zu Lëtzebuerg an 1887 a Frankräich patentéiere gelooss.

1884 Huet den Henri Tudor den Energie-Won entweckelt, e mobilen Akkumulator-Motor. 1886 huet hie, mat sengem Brudder Hubert, eng Zentral zu Iechternach gebaut, fir an den Haiser an op der Strooss Beliichtung ze hunn. Zu Rouspert huet hien eng Fabrik, zesumme mat sengem Koseng gebaut, fir d'Akkumulatoren ze produzéieren. No Iechternach si Commanden aus anere Stied nokomm.

D'Fabrik zu Rouspert ass geschwënn net méi nokomm, obschon zäitweileg 30 Aarbechter hei beschäftegt waren; och héich Onkäschten (Douanes-Taxen um Import vum Bläi an um Export vun de Maschinnen) hunn d'Affären erschwéiert. Dofir huet den Tudor Fabriken an der Belsch (Florival) an a Frankräich, dono och an aneren europäesche Länner, dorënner Däitschland an England, opgeriicht. 1890 si méi wéi 1200 Tudor-Batterien doruechter an der Welt am Asaz. Zäitweileg schaffe 25.000 Leit un der Produktioun vu senge Produkter.

1928 ass den Tudor un de Suitë vun enger Bläivergëftung gestuerwen.

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com