Heinz Potthoff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Heinz Potthoff, gebuer 1904, war en däitsche Gewerkschaftler. Hie gouf 1952 vu der däitscher Bundesregierung bestëmmt, fir Däitschland, niewent dem Franz Etzel, an der Héijer Autoritéit vun der CECA ze représentéieren. D'Héich Autoritéit huet den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl. Den Heinz Potthoff war e self made man an huet ugefaang als geléierte Maschinneschlässer a Redakteur zu Bielefeld. Duerno huet hien d'Heimvollekshéichschoul am Schlass Tinz bei Gera besicht an d'Begabteprüfung am Preisesche Kultusministère zu Berlin ofgeluecht. No sengem wirtschaftspolitesche Studium huet hie säin Doktorat op der Universitéit zu Köln gemaach. Hie war Referent an der Wirtschaftsgrupp Maschinnebau zu Chemnitz, Direkter zu Kassel an zu Herford, Ministerialdirigent am Wirtschaftsministère a schliisslech Member vun der Internationaler Ruhrautoritéit a Landtagsdéputéierten, ir hie Member vun der Héijer Autoritéit gouf.
[Änneren] Publicatiounen
- Potthoff, Heinz: Die europäische Integration, III. Die Montanunion in der europäischen Gemeinschaft, Düsseldorf 1965.
- Potthoff, Heinz: Zwischen Schlosserlehre und Europapolitik. 1973, 276 S.