Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Hans Daniel Hassenpflug - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hans Daniel Hassenpflug

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Hans Daniel Ludwig Friedrich Hassenpflug (26. Februar 1794 zu Hanau, an Hessen - 15. Oktober  1862 zu Marburg), war en däitschen Jurist a Statsmann. Vun 1839 bis 1840 war hie Chef vun der Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg.

Den Hassenpflug huet zu Göttingen Droit studéiert a gouf dono Assesseur an der Geriichtskummer vum Regierungskollegium zu Kassel), gouf 1821 Rechts-Conseiller an 1832 Regierungsreferent an Hessen-Cassel, wou en am Mee vum selwechte Joer Justiz- an Inneminister gouf.

An dëser Funktioun huet hie sech dru gemeet, dem Kurfürst Willhelm I. vun Hessen säi reaktionäre System nees anzeféieren, deen en duerch déi 1831 agefouert Verfassung bedréit gesouch, an dat, obwuel e virdrun, wéi e Member vun enger Burschenschaft war, haart; de Géigendeel gefuerdert huet; dës huet den Hassenpflug zum Mephistopheles vun der Reaktioun gemaach, d'Leit hunn hien Hessens Hass und Fluch genannt. 1837 ass e, well en net méi ze hale war, als Minister entlooss ginn.

1838 gouf en zum Chef vun der Administratioun an Hohenzollern-Sigmaringen ernannt, a schonn e Joer drop gouf e Chef vun der Zivilverwaltung zum Lëtzebuerg, dat grad d'Oftrennung vun der Provënz Lëtzebuerg hannert sech hat. Och hei huet hie sech esou onméiglech beholl, dass e just ee Joer am Amt war. Hee kunnt et net verquëssen, seng Kontakter mam hollännesche Kinnek missen iwwert en hollännesche Beamten zu Den Haag ofzewéckelen an dass den Iwwerschoss vum Budget an Holland goung. Wéi beléift en zu Lëtzebuerg war, léisst sech am beschten doduercher illustréieren, datt op der Musel de Wäin vun deem Joer, dee besonnesch sauer war, Hassenpflug-Joergang genannt ginn ass.

Tëscht 1841 an 1850 war en am Dingscht vu Preisen, fir d'éischt Member vum iewescht Geriicht an dann, 1846, President vum ieweschten Appellatiounsgeriicht zu Greifswald. 1850 stoung hie selwer wéinst Hannerzéiung viru Geriicht a gouf och veruerteelt. Och wann dëst Uerteel spéider an Appel nees opgehuewe gouf, huet en de preisesche Statsdéngscht verlooss.

De Kurfürst vun Hessen huet en, nach éier den Appel duerchwar, nees bei sech agestallt, an zwar als Regierungschef. Mee dës Kéier huet et net laang gedauert, bis den Hassenpflug agesinn huet, datt en net géint sämtlech Gesellschaftsschichten, an esouguer d'Arméi, kinnt regéieren. Hien huet säi Kurfürst iwwerzeecht, als leschte Versuch, den aus der Revolutioun vun 1848 ervirgaangen Tendenzen entgéintzewierken, au dem Nërdleche Bond mat Preisen auszetrieden a sech den Éisträicher unzeschléissen. D'éisträichesch Truppen hunn d'Preisen an Hessen dann och iwwerrompelt kritt, an den Hassenpflug ass als Finanzminister zu Kassel agesat ginn. Eréischt 1855, méi onbeléift wéi jee, ass en dann entlooss ginn.

Den Hassenpflug huet sech op Marburg zeréckgezunn, wou en 1862 gestuerwen ass. Just viru sengem Doud huet en nach matkritt, dass d'Hessesch Verfassung vun 1839, déi e sech zur Liewensaufgab gemaach hat, ze zerstéieren, nees agesat gouf.

Hie war zwee Mol bestuet, seng éischt Fra war d'Sëschter vun de Bridder Grimm. Säi Jong; Karl Hassenpflug (1824-1890) war e Sculpteur.

Aner Sproochen
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com