Hélène Boucher
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hélène Antoinette Eugènie Boucher, gebuer den 23. Mee 1908 zu Paräis, a gestuerwen den 30. November 1934 bei Guyancourt, war eng franséisch Pilotin.
D'Hélène boucher huet 1934 de Vitesserekord mam Fliger iwwwer eng Distanz vun 100 km gebrach (Moyenne 485 km/). Si gouf domaater deemols déi schnellste Fra op der Welt.
Si hat och déizäit mat 5.200 Meter den Héichterekord an nach aacht anner Weltrekorder mam Fliger.
Si koum mat 26 Joer ëmt d'Liewen, wéi bei engem Tainingsfluch hire Fliger an der Géigend vu Versailles iwwer dem Bësch vu Guyancourts erofgetrollt.
D'Hélène Boucher war déi éischte Fra déi am Paräisser Invalidendoum opgeboert gouf.
[Änneren] Hiert Liewen
Si war d'Meedche vun engem bekannten Architekt, dem Léon Boucher an der Élisabeth Hélène Dureau.
Vu klengem u gouf d'Hélène nëmme "Léno" geruff, en Anagramm vun de Virnimm vum Papp a vu sengem Brudder Noël, dee véier Joer méi al war. D'Zäit vum Éischte Weltkrich huet et am Landhaus vu sengen Elteren verbruecht, net wäit ewech vu Maintenon an der Beauce. Duerno goung et zu Paräis an de Lycée Montaigne an an de Collège Sévigné an der rue de Condé.
D'Mamm huet fir seng Zukunft un eng Musekercarrière geduecht, de Papp wollt et vu Konscht iwwerzeegen, an hatt selwer huet eng Zäitchen dru geduecht fir an d'Schneiderhandwierk ze goen.
[Änneren] Auszeechnungen
- Légion d'honneur (nom Doud)