Guy Theisen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guy Theisen (gebuer den 22. Mäerz 1947 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen den 19. Februar 2006), war e lëtzebuergesche Sänger.
Mat 11 Joer kritt e säin éischt Instrument, eng Mandolin a schonns am Alter vu 15 Joer grënnt hie 1962 seng éischt Band mat de Kollege vum Fëschmaart Les Panthères noires. Dës Grupp spillt am Hôtel de Luxembourg an och an de Grotten zu Péiteng.
Enn 1963 hält de Guy Theisen op mat senger Léier a gëtt Member vun der däitscher Band The Gents. Mat 16 Joer huet e säin éischte professionelle Kontrakt als Museker an der Täsch an ass vill an Däitschland um Tour.
Nodeem en nees heemkomm war, gëtt hien eng Zort Idol fir déi lëtzebuergesch Musekszeen. 1965 geet e mat der englescher Band The Problems op Tour an no diversen kurzen Engagementer bei lëtzebuergesche Formatioune kënnt hie 1967 bei déi wuel populärste Band aus dem Grand Duché, d’ Outsiders.
Et ass de Plakeproduzent Jacques Verdonck den dem Guy Theisen suggéréiert sech e Kënschtlernumm zouzeleen an esou kënnt eng éischt Single ënnert dem Numm Leslie Kent eraus (Such Sweet Sorrow / Music).
1969 vertrëtt de Guy alias Leslie Kent seng Heemecht beim Singing Europe 69 Contest am hollännesche Scheveningen. Eng zweet Singel gëtt opgeholl (Here I come / Get away) a de Guy Theisen schléisst sech der lëtzebuergescher Formatioun We Feel un. Dës Grupp enregistréiert fir Ariola eng LP Love and Peace, déi awer ni an de Buttek kënnt.
Mëtt 1971 gëtt de Guy Theisen Frontmann bei der belscher Hardrock Grupp Carriage Compagny. Hir Single (In your Room / Feel free) kënnt op déi 1. Plaz an der Télé Moustique-Hitparad a CBS London produzéiert eng zweet Single (Jubilee / Paint the City Red).
De Guy Theisen lieft an deem Ablack zu Bréissel an ass Sänger bei der internationaler Jazzrock Formatioun Plus, déi sech aus siwe Museker aus siwe Nationalitéiten zesummesetzt. Plus bréngen eng LP eraus (Pink Elephant) dann och eng Single (Kentucky Woman) an sinn nop Tour uechter Europa an kommen esou bis an Afrika.
[Änneren] Kuck och
- Leslie Kent, en Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 2006.