Géisserei a Schlässerei Massard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Géisserei a Schlässerei Massard zu Keel ass als Familljebetrib, 1873 vun de Bridder Henri a Jean Massard, allebéid Schlässer vu Beruff, gegrënnt ginn.
De Betrib huet ugefaange mat der Produktioun vu Buggiën, déi an der Minett an a Loutrengen agesat goufen.
De Betrib ass haut eng S.à r.l. a gëtt vum Frank Würth a sengem Bouf dëm Serge Würth geleet.