Fondation du Mérite Européen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Fondatioun Mérite européen huet als Objektiv «d'entreprendre toutes activités susceptibles de contribuer à faciliter la prise de conscience européenne nécessaire à la réalisation progressive d'une Union européenne existentielle à vocation humaniste et à offrir le Mérite Européen, distinction spécifique et propre de l'Etablissement»
De Mérite européen gouf vum François Visine gegrënnt. De Mérite besteet aus:
- Engem Unerkenungs- an Dankbarkeetsdiplom
- Engem Éirendiplom
- Verschidde Medailen
- Bronze Medail
- Sëlwermedail
- Goldmedail
D'Medail vum Mérite Européen weist op der vischter Säit d'geographesch Form vun Europa mat an der Mëtt de Jupiter als Stéier duergestallt deen Europa dréit, ëmginn vun den 12 Stären vum Europäesche Fändel. Laanscht dem rietse Bord ass d'Ënnerschrëft vum Kënschtler André Barbier, deen d'Medail no den Instruktioune vum François Visine kreéiert huet.
Op der Récksäit steet uewen an engem Hallefkrees d'Devise: VOLONTE-CONNAISSANCE-ACTION an an der Mëtt: MERITE EUROPEEN / DECERNE (drënner ass eng fräi Plaz fir de Numm vun der Persoun anzedroen déi de Mérite kritt, an och fir den Datum vun der Iwwerreechung dropzegravéieren.
D'Giélchen huet en Duerchmiesser vun 62 mm, ass 5 mm déck a weit 122 Gramm.
Et ginn all Joer 2 Goldmedailen, 5 Sëlwermedailen a 7 bronze Medailen ausgedeelt.
De Verwaltungsrot vun der Fondatioun decidéiert ween eng Medail kritt.